Von der LeyenD'EU deblockéiert iwwer 16 Milliarden Euro un EU-Gelder fir Ungarn

AFP, iwwersat vun RTL
De Peter Magyar huet vun engem "historeschen Dag fir Ungarn" geschwat. Seng Ekipp hätt "ëm all Europa-Cent gekämpft".
© AFP

Ronn dräi Wochen no der Vereedegung vun der neier ungarescher Regierung huet d'EU matgedeelt, dass een iwwer 16 Milliarden Euro agefruere Finanzmëttel fir d'Land nees fräi gëtt.

D'Geld géif deblockéiert ginn, well a kuerzer Zäit "grouss Progrèse" bei wichtege Reforme gemaach goufen, sou d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen e Freideg zu Bréissel. Et misste "weider Schrëtt" gemaach ginn, "awer mir sinn um richtege Wee", sou d'Von der Leyen am Kader vun enger gemeinsamer Pressekonferenz mam neien ungaresche Ministerpresident Peter Magyar.

Béid Säiten haten zënter der Parlamentswal am Abrëll iwwert den Deblockage vu Gelder verhandelt. "Mir hunn eis op en zolitte Kader gëeenegt, dee sécherstelle soll, dass Ungarn d'Problemer am Zesummenhang mat Korruptioun a Rechtsstaatlechkeet ugeet", sou d'EU-Kommissiounspresidentin weider.

De Peter Magyar huet da vun engem "historeschen Dag fir Ungarn" geschwat. Seng Ekipp hätt "ëm all Europa-Cent gekämpft".

Back to Top
CIM LOGO