
Der italieenescher Justiz ass e gréissere Coup géint d'Mafia gelongen. Verméigenswäerter an Héicht vun iwwer 200 Milliounen Euro konnte bei e puer Razzie géint d'Imperium vum verstuerwene Mafiaboss Matteo Messina Denaro saiséiert ginn. Dee war Chef vun der Cosa Nostra a war iwwer dräi Joerzéngten ewech de meeschtgesichte Mann an Italien. Virun zwee Joer gouf hien op Sizilien an enger privater Kriibs-Klinik festgeholl. Kuerz drop ass e gestuerwen. Séchergestallt goufen elo ënnert anerem Luxus-Immobilien an Italien an op der spuenescher Costa del Sol. Et goufen och dräi presuméiert Mafia-Membere verhaft. D'Cosa Nostra ass och haut nach ëmmer aktiv, virun allem a Süditalien an op Sizilien, awer och international, dat virun allem am Drogenhandel, Blanchiment an am Waffen- an Zigaretteschmuggel.