16 Leit si gestuerwenWeider Perquisitiounen am Kader vum déidleche Standseelbunn-Accident zu Lissabon

AFP, iwwersat vun RTL
Een Dräivéierelsjoer nom déidleche Standseelbunn-Accident zu Lissabon hunn d'Enquêteuren e Freideg a Portugal Perquisitioune gemaach.
Ein Dreivierteljahr nach dem tödlichen Standseilbahn-Unglück in Lissabon haben die Ermittler weitere Durchsuchungen in Portugal vorgenommen.
Een Dräivéierelsjoer nom déidleche Standseelbunn-Accident zu Lissabon hunn d'Enquêteuren e Freideg Perquisitiounen a Portugal gemaach.
© AFP/Archiv

Virun allem de Sëtz vum staatleche Standseelbunn-Bedreiwer Carris wier ënner d'Lupp geholl ginn, sot ee Spriecher vum Parquet der Noriichtenagence AFP géigeniwwer, ouni awer weider Detailer ze nennen. Lokale Medien no hätten d'Enquêteuren et op Verantwortlecher bei Carris ofgesinn an och d'Firma, déi fir Carris d'Maintenance fir d'Standseelbunn Gloria iwwerholl hat, wier am Viséier.

Den 3. September 2025 war ee vun den zwee Waggone vun der Gloria-Standseelbunn, déi bei Touriste beléift ass, an enger Kéier aus de Gleiser gesprongen an ass widder een Haus gerannt. Beim Accident zu Lissabon hu fënnef Portugisen an eelef Auslänner aus Groussbritannien, Kanada, Südkorea, den USA, Frankräich, der Schwäiz an der Ukrain hiert Liewe gelooss. 23 Mënsche goufen ausserdeem blesséiert.

D'Gloria-Standseelbunn besteet aus zwee Waggonen, déi duerch een ënnerierdesche Kabel matenee verbonne sinn. Duerch ee Géigegewiicht-System fuere si de Bierg erop an erof. Den Ermëttlungen no waren déi zwee Waggonen op deem Owend allerdéngs grad vun hire Statioune ganz ënnen an um ierweschten Enn vun der Strooss lassgefuer, wéi de Verbindungskabel tëscht de Waggone bemol futti gaange war.

E virleefege Rapport aus dem Oktober huet festgestallt, datt de Kabel tëscht de Waggonen net den Normen entsprach hätt. D'Protokoller iwwer déi reegelméisseg Maintenanceaarbechte wieren den Ermëttlungen no gefälscht gewiescht. Den definitive Rapport soll am Hierscht 2026 publizéiert ginn.

De Conseil d'administration vu Carris ass am Kader vum Accident am Oktober zeréckgetrueden. Bis haut fueren déi insgesamt dräi historesch Standseelbunnen, déi vu Carris bedriwwe ginn, nach net.

Back to Top
CIM LOGO