
De fréieren däitsche Verkéiersminister Andreas Scheuer muss sech viru Geriicht veräntwerten. Hie kritt reprochéiert, am Kader vun der mëssgléckter Aféierung vun enger Auto-Maut fir auslännesch Gefierer op den däitschen Autobunnen, Falschaussoe gemaach ze hunn. D'Landesgeriicht zu Berlin huet d'Uklo zougelooss, de fréieren CSU-Minister weist d'Reprochen zréck.
Den Andreas Scheuer war vun 2018 bis 2021 ënnert der deemoleger Bundeskanzlerin Merkel däitsche Verkéiersminister. D'Pläng vun enger däitscher Auto-Maut fir auslännesch Gefierer waren 2019 vum Europäesche Geriichtshaff gestoppt ginn.