
D'Vereent Natiounen hunn Israel a Russland op eng schwaarz Lëscht vu Länner gesat, déi sexualiséiert Gewalt a Konfliktgebidder reprochéiert kréien. An engem entspriechenden UN-Rapport, an dee Journaliste vun der Noriichtenagence AFP en Donneschdeg zu New York Abléck kruten, kréie béid Länner ausserdeem virgeworf, UN-Enquêteure bei Ermëttlungen ëmmer nees den Accès refuséiert hunn. Béid Länner goufen am Virfeld vun der offizieller Verëffentlechung vun der Lëscht iwwer hir jeeweileg Opnam informéiert.
Israel huet dowéinst schonn am Virfeld vun der Publikatioun vun der Lëscht d'Zesummenaarbecht mam UN-Generalsekretär António Guterres gekënnegt. Wéi et en Donneschdegowend vum israeeleschen UN-Ambassadeur Danny Danon op "X" geheescht huet, géif d'Opnam vun Israel op d'Lëscht weisen, dass d'UN eng politiséiert a korrupt Organisatioun wier, déi hir Grondprinzippien opginn hätt an Israel systematesch géif attackéieren. Vue dass den António Guterres sech dozou decidéiert hätt, all Standard vun Éierlechkeet, Integritéit a Professionalismus opzeginn, hätt Israel decidéiert, all Relatioun mat sengem Büro ofzebriechen an ze waarden, bis en neie Generalsekretär designéiert ass.
D'Vereent Natioune verëffentlechen all Joer eng Lëscht mat staatlechen an net-staatlechen Acteuren, déi reprochéiert kréien a Konflikter systematesch sexualiséiert Gewalt auszeüben. Dorop sti schonn zanter Jore Länner wéi de Sudan, Haiti, Syrien a Mali. Den António Guterres hat Israel a Russland schonn am August zejoert virun enger méiglecher Opnam op d'Lëscht gewarnt.
Trotz dëser Warnung wier ëmmer nees constatéiert ginn, dass russesch Truppen am Ukrainkrich an déi israeelesch Säit an de besate Palästinensergebidder systematesch sexualiséiert Gewalt agesat hätten.