Jens StoltenbergD'NATO schéckt keng Truppen an d'Ukrain, mä un d'Ost-Flank

Jeannot Ries
Par contre géing d’NATO d’Ukrain mat Militärmaterial a finanzieller an humanitärer Hëllef weider ënnerstëtzen.
D'NATO schéckt keng Truppen an d'Ukrain
Par contre géing d’NATO d’Ukrain mat Militärmaterial a finanzieller an humanitärer Hëllef weider ënnerstëtzen.

D’NATO wäert weder Friddenstruppen an d’Ukrain schécken, nach Kampfjetten asetzen, fir eng Fluchverbuetszon z’imposéieren. Dat huet den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg no enger Versammlung mat den 30 Verdeedegungsministere vun der Militärallianz e Mëttwoch deklaréiert. Et wéilt een d’Situatioun net eskaléieren, sou de Jens Stoltenberg. Am Géigesaz zum russesche President Putin, misst d’NATO d’Reegele respektéieren, sou de Lëtzebuerger Verdeedegungsminister François Bausch am RTL-Interview.Par contre géing d’NATO d’Ukrain mat Militärmaterial a finanzieller an humanitärer Hëllef weider ënnerstëtzen. D’NATO wëll dem Putin awer och weisen, datt hien d’Patte soll ewechloosse vum Nato-Territoire. Dowéinst huet d’atlantesch Militärallianz hir Truppepresenz am Oste vun der europäescher Unioun scho verstäerkt: vun 0 Truppe virun der Annexioun vun der Krim a ronn 5.000 Truppe virun der russescher Invasioun vun der Ukrain wier een elo op 40.000 Truppen, déi am Oste stationéiert sinn. Alles an allem 100.000 US-Zaldoten wieren och elo a ganz Europa deployéiert.Dobäi soll et net bleiwen: d’nächst Woch ass e weidere Spezialsommet, wou d’NATO op Propose vun de Militärkommandanten decidéiert, wéi d’laangfristeg Defense am Oste soll ausgesinn. D’Defense an d’Ofschrecken, dat géing et awer net zum Nulltarif ginn an de Jens Stoltenberg huet nach emol d’Memberstaaten opgeruff 2% vun hirem PIB an d’Defense ze stiechen.

© RTL

De Lëtzebuerger Verdeedegungsminister sot Lëtzebuerg hätt just eng Kéier 1.35% erreecht an dat wier 1964 gewiescht, just iert den obligatoreschen Déngscht ofgeschaaft gouf. De Budget fir d’Defense mécht aktuell hei am Land 2,2% vum Gesamtbudget aus. Wann een elo wéilt op 2% vum PIB kommen, da misst de Budget fir d’Defense op 7,5% eropsetzen, sou de François Bausch. Senger Meenung no kéint Lëtzebuerg méi maachen, mee et misst ee mat den 2 Féiss um Buedem bleiwen an net sënnlos Suen ausginn.An deenen nächsten 2 Woche wëll de Minister d’zoustänneg Chamberkommissioun informéieren.

Verdeedegungsminister François Bausch zu Bréissel bei der NATO: Krich an der Ukrain a Lëtzebuerger NATO-Bäitrag

Et kënnt net zu enger “NATO-Friddensmissioun” an der Ukrain. No enger Reunioun tëscht de Regierungscheffe vu Polen, der Tschechescher Republik a Slowenien mam ukrainesche President Selenskyj zu Kiew, hat de polnesche Vizepremier Kaczynski eng “NATO-Friddensmissioun” an der Ukrain an d’Gespréich bruecht. Eng Propositioun, déi e Mëttwoch op der Reunioun vun den NATO-Verdeedegungsminister zu Bréissel net ugeholl gouf. Fir d’éischt misst et dofir e Waffestëllstand ginn.Den nächsten Donneschdeg kënnt et zu Bréissel zu engem duebele Rendez-vous op aller héchstem Niveau. Nieft engem reguläre Sommet vun de 27 Staats- a Regierungscheffen vun der EU, gouf fir de selwechten Dag och e Spezial-Sommet vun der NATO aberuff. Also a Presenz vun ënnert aneren dem amerikanesche President Biden oder och dem tierkesche President, respektiv dem Kanadesche Premier.Wat kann ee sech bei där duebeler Agenda erwaarden? De Verdeedegungsminister François Bausch erkläert: “Et ass ganz kloer an dat ass och haut verbreet ginn: Datt d’nächst Woch wäert e staarkt Zeeche gesat ginn, fir Russland ze soen, dem Putin ze soen, d’NATO-Grenzen dat ass méi wéi eng rout Linn. Datt déi ganz Ost-Flank weider verstäerkt gëtt. Datt d’NATO weider voll mobiliséiert. Dat wäert d’nächst Woch enterinéiert ginn. Et ass wichteg, datt dofir och de President Biden op Bréissel kënnt. Fir wierklech Stäerkt ze weisen. Fir ze soen: et geet elo duer.”D’NATO zitt also kloer rout Linnen op hirer Ost-Flank. D’Reunioun vun de Verdeedegungsminister e Mëttwoch huet awer op en Neits gewisen, datt en direkten Agrëff an de Konflikt op ukraineschem Territoire net a Fro kënnt.“D’NATO kann net intervenéieren ausserhalb vun hirem Territoire. Ausser si huet en internationaalt Mandat. Et ass awer esou, an ech mengen den Här Putin huet dat nach net sou richteg verstanen, dat ass, datt d’Ukrain selwer, als d’Land, laut dem Vëlkerrecht e Selbstverdeedegungsrecht huet. An am Kader vun deem Selbstverdeedegungsrecht natierlech och ka bei eenzele Länner, net bei der NATO, egal wou op der Welt, ufroen, fir Hëllef ze kréien, Material ze kréien. An dat ass och dat wat geschitt”, sou de François Bausch.Vill Staaten op der Welt géifen dat den Ament och maachen. Eng direkt Amëschung an de Konflikt wier wierklech net méiglech. Och wann dat frustrant wier. Dofir gouf och d’polnesch Propos fir eng “NATO-Friddensmissioun” verworf.Mëtten an der Kris war e Mëttwoch och déi zukünfteg strategesch Ausriichtung vun der Allianz en Thema. Nieft der Solidaritéit mussen och d’Moyene stëmmen. Stéchwuert: national Bäiträg. “Lëtzebuerg hat a senger ganzer Geschicht bis elo eréischt 1 Mol 1,35% vum PIB, also net 2, ma 1,35. Dat war 1964. Do hate mer nach en obligatoresche Militärdéngscht an deemools konnt een nach d’Police an d’Gendarmerie als Effort de Défense mat rechnen. Et kann ee sech virstellen, wat dat eleng u Manpower bedeit huet. Do hate mer dausende Leit, mat all deem Material wat mer ugerechent kruten. Do koume mer op 1,35%. Dat heescht wa mer haut géingen op 2% eropgoen, da misste mer eng Steigerung maachen. Haut mécht d’Defense am Budget ongeféier 2,2% aus. Da misste mer erop op 7,5 % goen”, sou d’Explikatioun vum Verdeedegungsminister.Zuelen iwwer déi de François Bausch och mat den Deputéierten an der Chamber diskutéiere wëll, fir d’Debatte ronderëm de Lëtzebuerger NATO-Bäitrag z’objektivéieren.

(de g. à dr.): Ludivine Dedonder, ministre de la Défense du Royaume de Belgique ; François Bausch, Vice-Premier ministre, ministre de la Défense
(de g. à dr.): Ludivine Dedonder, ministre de la Défense du Royaume de Belgique ; François Bausch, Vice-Premier ministre, ministre de la Défense
© NATO

Schreiwes vun der Defense

François Bausch a participé à la réunion des ministres de la Défense de l’OTAN à Bruxelles (16.03.2022)
Communiqué par : Direction de la défense

Le ministre de la Défense, François Bausch, a participé à la réunion des ministres de la Défense de l’OTAN, qui s’est tenue le 16 mars 2022 au siège de l’OTAN à Bruxelles.

Présidée par le secrétaire général de l’OTAN, Jens Stoltenberg, la réunion ministérielle a été dominée par la crise russo-ukrainienne.

Les échanges ont notamment porté sur l’adaptation de la posture et les mesures de dissuasion et défense à long terme ainsi que les relations avec les partenaires proches de l’OTAN, à savoir l’Union européenne, la Finlande, la Suède, la Géorgie et l’Ukraine.

Dans son intervention, le ministre de la Défense luxembourgeois a fermement condamné l’agression russe contre l’Ukraine et « les souffrances inacceptables et méprisables que le président russe inflige au peuple ukrainien ».

« Nous saluons le renforcement des forces de l’OTAN sur le flanc oriental de l’Union européenne et le Luxembourg augmente également sa contribution de troupes au groupement tactique en Lituanie. » a déclaré François Bausch, et d’ajouter : « Les sanctions économiques incisives prises au sein de l’UE sont extrêmement importantes pour affecter le financement de la machine de guerre russe. Dans une optique de solidarité, l’ensemble de la communauté internationale devrait s’y aligner. »

Le Vice-Premier ministre souligné que ce conflit illustre une fois de plus, à quel point les hydrocarbures que nous consommons contribuent non seulement au réchauffent climatique mais constituent aussi un risque sécuritaire direct. « Nous devons nous en affranchir au plus vite et accélérer davantage la transition vers les énergies renouvelables. » a estimé François Bausch.

François Bausch a déploré le recours à des actions hybrides et cyber de la part de la Russie contre les Alliés et leurs partenaires. Evoquant d’éventuelles menaces contre des capacités spatiales des Alliés, François Bausch a déclaré: « En plus de notre stratégie de cyber défense publiée l’année dernière, le Luxembourg a récemment adopté sa première stratégie spatiale de défense. Celle-ci souligne, entre autres, l’importance de la résilience spatiale. »

« Nous saluons les différentes décisions prises au titre des mesures de vigilance renforcée, symbole d’unité et de solidarité entre Alliés. » a conclu François Bausch.

Back to Top
CIM LOGO