
D'EU-Parlament lackert d'Reegele fir den Asaz vu Gentechnik. D'Deputéiert hunn e Mëttwoch zu Stroossbuerg dofir gestëmmt, datt d'Produiten aus bestëmmte gentechnesch verännerte Planzen am Buttek an Zukunft net méi speziell gekennzeechent musse sinn. Och déi opwenneg duerchgefouert Iwwerpréiwunge vun der Ëmwelt virum Zouloosse vum Produit falen domadder ewech.
D'Reegele betreffen déi sougenannt "Nei Genomesch Techniken", och nach NGT genannt. Dobäi geet et ëm eng limitéiert Unzuel u gentechneschen Agrëffer, wéi zum Beispill duerch d'"Gen-Schéier", déi dem Gesetz no just eng normal Ziichtung beschleunege soll. Supporter vun dësem Gesetz erhoffe sech doduerch nei Zorten, déi besser mat enger Dréchent eens ginn a manner Dünger brauchen.
Dës Zorte sollen dem Gesetz no just nach um Som als "gentechnesch verännert" gekennzeechent sinn. D'Iwwerpréiwunge virun der Zouloossung falen dann och ewech. Dës ware bis ewell esou opwenneg, datt eng Zouloossung deier war a vill Zäit an Usproch geholl huet. Dacks goufe se dowéinst och net ugefrot.
D'Gesetz gesäit och vir, datt den Asaz vun den neien Zorten net méi op all Feld muss kënnen nozevollzéie sinn. Kritiker fäerten, datt gentechnesch verännert Planzen duerch de Wand op Felder gedroe ginn, wou se u sech net ugebaut ginn.
Planze mat gentechnesche Verännerungen, déi däitlech méi wäit ginn, ënnersti weider den alen a strenge Reegelen. Dëst gëllt och fir Planzen, där hire Genom op eng Resistenz géint bestëmmt Herbizide verännert goufen.
D'EU léist och Patenter op déi nei Zorten zou. "Doduerch kann et dozou kommen, datt de Som um Europäesche Maart an den Hänn vun e puer multinationalen Entreprisë wäert leien", kritiséiert den däitsche gréngen EU-Deputéierte Martin Häusling. Kleng Hiersteller vum Som kënne sech d'Patenter net leeschten an d'Käschte fir d'Bauerebetriber kéinten doduerch klammen.
Änlech haten och verschidde konservativ Deputéiert a Memberstaaten argumentéiert, déi sech awer net duerchsetze konnten. Déi zwee Europadeputéiert vun der CDU Peter Liese an Nobert Lins ënnerstëtzen d'Reform trotzdeem. "Europa dierf bei dëser Technologie net weider zeréckfalen", esou schreiwe béid an enger Deklaratioun.
Och déi Lëtzebuerger Europadeputéiert vun déi Gréng Tilly Metz reagéiert op dës Decisioun. Fir si ass et kloer, datt dës Entscheedung vun der EU bedeit, datt d'Bierger net méi wiele kënnen, wat si Iessen. "An Zukunft gëtt giess, wat Bayer-Monsanto a Co op den Dësch bréngen", gëtt si zitéiert. Fir si ass kloer, datt déi nei Reegelen e klore Réckschrëtt fir den Ëmwelt- a Verbraucherschutz sinn. D'Leit hunn e Recht drop "ze wëssen, wat op hirem Teller lant". An Zukunft gëtt et awer ëmmer méi schwéier, "tëscht gentechnesch verännerten an net gentechnesch verännerte Liewensmëttel ze ënnerscheeden".
Si gesäit dann och de Biosecteur als klore Verléierer, well de Risiko klëmmt, datt hir Produite veronrengegt ginn an d'Käschte fir Kontrollen an Zertifizéierunge wäerte klammen. "Um Enn profitéieren e puer wéineg Entreprisen, déi mat patentéiertem Som de Maart kontrolléiere kënnen".