
De fréiere Kino a Club "Magnum" an der Schloßstraße hat aus bis ewell nach net bekannte Grënn gebrannt.
D'Strooss selwer war fir de Verkéier gespaart, fir de Pompjeeë genuch Plaz ze loossen, heescht et an enger Matdeelung vun der Polizeidirektion Wittlich. Si ware mat 100 Secouristen op der Plaz, fir d'Feier ënner Kontroll ze bréngen. Et wier kee blesséiert ginn an d'Gebai wier net bewunnt gewiescht, huet et nach geheescht.
An der Suite vum Feier koum et awer zu enger schwéierer Dampentwécklung an d'Awunner ware gebieden, hir Fënsteren an Dieren zouzeloossen.
D'Kriminalpolice ermëttelt elo zu der Brandursaach an d'Gebai gouf ofgespaart. Et kéint ee bis elo nach keng Zuel op d'Héicht vum Schued setzen, sou d'Autoritéiten.
Wéi den "Trierischer Volksfreund" mellt, war et iwwerdeems awer och net déi éischte Kéier, datt et am Gebai gebrannt huet. Schonn am November 2024 wier et an der Bar vum deemolege Club "Magnum" zu engem Feier komm, kuerz nodeems déi lescht Gäscht de Club verlooss haten. Och deemools war kee blesséiert ginn, ma et war grousse Materialschued entstanen.
