
No engem neien Ugrëff vu Säite vun Iran op dräi amerikanesch Krichsschëffer an der Strooss vun Hormus huet den US-President Donald Trump betount, datt de Waffestëllstand tëscht den USA an dem Iran weider besteet. D'US-Arméi huet awer och um Freideg confirméiert, datt si als Reaktioun op d'iranesch Attacke militäresch Ziler am Iran ugegraff hätt.
D'Iraner dogéint behaapten, et wieren d'USA gewiescht, déi als éischt geschoss hätten, an hunn hirersäits amerikanesch Militärschëffer ugegraff.
De Sträit eskaléiert zënter dem 8. Abrëll, wou e fragille Waffestëllstand deklaréiert gouf. D'Islamesch Republik huet zanterhier awer weiderhi mat Attacken am ganzen Noen Oste reagéiert an de wichtege Schëffstransport duerch d'Hormus-Strooss gréisstendeels blockéiert a sou Pëtrol- a Gasliwwerungen ofgeschnidden.
Den US-Zentralkommando huet op der Plattform X matgedeelt, datt d'iranesch Arméi amerikanesch Schëffer mat "Rakéiten, Dronen a kleng Booter" ugegraff hätten. Den US-Militär hätt d'Attack awer ofgewiert an als Reaktioun déi iranesch Militärlager, déi dofir responsabel waren, gezielt bombardéiert.
D'Vereenegt Arabesch Emirater hunn iwwerdeems e Freideg de Moie gemellt, datt nei Rakéiten- an Dronenattacke vum Iran ofgewiert goufen. Och am Libanon bleift d'Situatioun ugespaant, dat nodeems den israeelesche Militär a Mëttwoch de Süde vu Beirut ugegraff huet – trotz offizieller Wafferou – fir en Hisbollah-Kommandant ëmzebréngen.
D'iranesch Regierung préift eegenen Aussoen no nach ëmmer d'Verhandlungspropos vun den USA. Soubal ee fäerdeg wär mat beroden, géif een d'Resultat iwwert de Pakistan als Vermëttler un d'USA kommunizéieren.
Zil ass et, ënnert anerem, fir e Kader fir déi nächst 30 Deeg ze schafen, wou ka verhandelt ginn, fir dem Krich en Enn ze setzen. Diskutéiert gëtt och iwwer manner streng US-Sanktiounen an d'Zukunft vun der Strooss vun Hormus.
Och eng Basis fir Atomverhandlunge soll geschaaft ginn.