
D'Dron, déi an der Nuecht op e Freideg an der rumänescher Stad Galati e Wunnhaus getraff huet, ass aus Russland komm. Dat huet de Spriecher vum ieweschten NATO-Kommando vun den Alliéierten an Europa, Martin O'Donnell, der Noriichtenagence AFP géintiwwer confirméiert.
Beim Aschlag no der Grenz mat der Ukrain waren zwee Mënsche blesséiert ginn an e Feier ausgebrach. Rumänien mécht Russland komplett responsabel fir den Tëschefall. Dem rumänesche Verdeedegungsminister Radu-Dine Miruta no géing d'Seriennummer vun der Rakéit drop hindeiten, datt et "ouni Zweiwel" eng russesch Rakéit war.
Aus dem Kreml war dogéint ze verlauschteren, dass nach onkloer wier, wouhier déi Dron komm ass. Et wier ze fréi ze behaapten, et wier eng russesch Dron gewiescht, sou de Wladimir Putin an huet objektiv Date verlaangt. Ausserdeem huet de russesche President drop higewisen, datt ukrainesch Dronen schonn iwwer aner Länner geflu wieren.