No Doud vun Zuchbegleeder an DäitschlandÉischt Detailer vun Obduktioun si public, Ermëttlunge lafe weider

RTL Lëtzebuerg
En Zuchbegleeder war jo no enger Attack op hien kuerz drop am Spidol u senge Blessure gestuerwen.
D’Gare zu Homburg.
© RTL

En Donneschdeg de Moien hat den zoustännege Parquet Detailer zu dem aktuelle Stand vun den Ermëttlunge ginn. Am Raum steet jo, datt de 36 Joer ale Familljepapp bei engem Iwwergrëff esou schwéier blesséiert gouf, datt hien net iwwerlieft huet.

De Beschëllegten, e 26 Joer ale Mann mat griicheschem Pass, deen awer eegenen Aussoen no zu Lëtzebuerg lieft, huet enger Spriecherin vum Parquet no bis ewell keng Ausso zu der Dot gemaach. De Mann war als éischt wéinst versichtem Doudschlag festgeholl ginn, nodeem d’Affer awer e Mëttwoch u senge Blessure gestuerwen ass, gëtt elo wéinst Doudschlag ermëttelt. D’Police ass amgaangen, fir Beweiser ze sécheren a fir Zeien ze héieren, genau esou wéi d’Biller vun der Iwwerwaachungskamera am Zuch ze analyséieren.

De Bericht vun der Obduktioun war schonn e Mëttwoch selwer publizéiert ginn. Deemno ass den Zuchbegleeder u “massiver stompfer Gewaltawierkung op de Kapp” gestuerwen. Wéi et awer heescht, sollen nach weider “medezinesch Gutachten” ugefrot ginn, esou d’Saarbrücker Zeitung.

Back to Top
CIM LOGO