Wa keen Drock ausgeüübt gëttKuba bereet, mat USA ze schwätzen

AFP, iwwersat vun RTL
Kuba huet verschidde Konditioune genannt, fir sech mat den USA un e Verhandlungsdësch ze setzen.
E Mann zu Havanna kuckt d'Ried vum kubanesche President Miguel Diaz-Canel op der Tëlee.
E Mann zu Havanna kuckt d’Ried vum kubanesche President Miguel Diaz-Canel op der Tëlee.
© YAMIL LAGE/AFP

Kuba ass drop Virbereet, fir Gespréicher mat den USA ze féieren. Dat awer just, wa keen Drock ausgeüübt gëtt, heescht et vum President Miguel Diaz-Canel, nodeem den Donald Trump d’Land méintelaang menacéiert huet.

Kuba ass bereet an den Dialog mat den USA ze trieden, en Dialog iwwer all Thema... awer ouni Drock oder Konditiounen”, esou den Diaz-Canel an engem Statement, datt op der Tëlee an am Radio iwwerdroe gouf. Him no muss all Gespréich aus enger Positioun eraus gefouert ginn, wou jidderee gläich ass. “Mat Respekt fir eis Eegestännegkeet, eis Onofhängegkeet an eis Eegendeterminatioun” an ouni “en Awierken an eis national Politik”.

Den Donald Trump hat jo an de leschte Méint ëmmer nees Menacë géint Kuba, dat kommunistesch gefouert gëtt, ausgeschwat. Ënner anerem hat hie gesot, datt hie Kuba vum Pëtrol géif ofschneiden an datt d’Land prett wier, fir “ze falen”.

Kuba ass aktuell an enger ekonomescher Kris. Dobäi kënnt nach, datt et vill vu sengem Pëtrol aus dem Venezuela bezunn huet. Ma do gouf et nom déidleche Militärasaz vun den USA, bei deem een de President matgeholl huet, e Wiessel un der Spëtzt vum Land. Den US-President behaapts ech jo ëmmer nees drop, datt hien elo de Pëtrol aus dem Venezuela kontrolléiert. Weider war et d’Annonce, datt hie Kuba erhéngere géif loossen an all Land mat Stroftaxe géif beleeën, datt Havanna hëllefe wéilt.

Mat dëser Taktik menacéiert hie quasi, datt hie Kuba ouni Stroum do stoe léist, well aktuell hunn hei d’Kraaftwierker ouni Pëtrol massiv Problemer, fir Stroum ze produzéieren. En Donneschdeg zum Beispill waren Honnertdausende Leit am Oste vum Land stonnelaang ouni Stroum, nodeem et Problemer mam Netz gouf.

A senger Ried huet den Diaz-Canel insistéiert, datt Kuba nach ëmmer “Frënn” huet, ouni déi awer mam Numm ze nennen. Déi aktuell Situatioun huet hien als “akute Pëtrol Manktem” bezeechent. “Mir kënnen net oppen alles erklären, wat mir maachen”, sot hien. “Kuba ass net eleng”. Hien huet awer och zouginn, datt d’Produktioun vu Stroum duerch Diesel oder Pëtrol aktuell bei “Null” géif leien.

Mexiko huet schonn erkläert, datt ee géif probéieren, fir datt Kuba op d’mannst de Minimum, deen ee brauch, géif kréien. D’Presidentin Claudia Sheinbaum huet awer och gesot, datt een dofir keng Stroftaxen aus den USA géif riskéieren.

Fir den Diaz-Canel weist déi aktuell Situatioun och, datt Kuba muss méi op gréng Energie setzen an d’Ofhängegkeet op anerer muss reduzéieren. Héich kubanesch Beamte ginn den US-Sanktiounen d’Schold, fir déi schlëmmst ekonomesch Kris zanter Joerzéngten. Aktuell feelt et am Land nieft Pëtrol och u Medezin an un Iessen. Experten no spillen awer och nach aner Facteuren hei mat eng Roll. Esou huet sech Kuba als Touristenzil ni vun der Covid-Pandemie erholl an ekonomesch gesi wier d’Land och schlecht verwalt ginn.

Den Donald Trump huet schonn e puer Mol widderholl, datt Washington bereet fir, fir mat Havanna iwwer en Deal ze negociéieren. Havanna awer huet awer bis ewell widdersprach, datt Negociatioune geplangt wieren. Och huet den US-President keng Detailer ginn, wéi dësen Deal kéint ausgesinn.

Back to Top
CIM LOGO