Urteel am Mordfall Diana SantosDe Beschëllegte muss liewenslänglech an de Prisong

Marc Hoscheid
Hien huet bis zum Schluss dementéiert, d'Fra ëmbruecht ze hunn.
© RTL Archiv

Liewenslänglech Prisong, déi Strof gouf en Donneschdeg de Moien um Dikrecher Geriicht fir de Mord un der Diana Santos geschwat. Domadder sinn d’Riichter der Fuerderung vum Parquet nokomm.

Verurteelt gouf ee Marokkaner, deen déi portugisesch Staatsbiergerin den 18. September 2022 zu Dikrech ëmbruecht soll hunn, wat dësen awer ofstreit. Dobäi kommen d’Frais de justice an Héicht vu ronn 101.000 Euro a Schuedenersatz fir d’Partie civile an Héicht vu 75.000 Euro.

Den 51 Joer ale Mann hat wärend dem Prozess just zouginn, dobäi gehollef ze hunn, d’Läich ze zerstéckelen an d’Iwwerreschter dono ze entsuergen. Ëmbruecht ginn, wier déi 40 Joer al Diana Santos awer vu sengem Neveu, deen eng Scheinehe mat hir agaange war a sech mëttlerweil a Marokko ofgesat huet. Ma fir d’Riichter war et awer méi plausibel, datt net den Neveu, mee de Monni, dee mam Affer zesumme war, d’Dot begaangen huet, well hien net akzeptéiere konnt, datt si eng Relatioun mat engem anere Mann agoen an hie verloosse wollt.

De Fall hat fir ee breede Medien-Echo gesuergt, well den 19. September 2022 fir d’éischt den Torso am franséische Mont-Saint-Martin fonnt gouf an annerhallwe Mount méi spéit d’Been an de Kapp am däitschen Temmels.

Back to Top
CIM LOGO