
Wéi den éisträichesche Justizministère zu Wien en Dënschdeg matgedeelt huet, lafen d'Ermëttlungen zanter dem 25. Abrëll géint een éisträichesche Staatsbierger a géint ee weidere bis ewell net identifizéierte Verdächtegen. Zanter dem Documentaire "Sarajevo Safari" vum sloweenesche Realisateur Miran Zupanic aus dem Joer 2022 ware verstäerkt Soupçonen iwwer auslännesch Bierger opkomm, déi wärend der Belagerung vun der bosnescher Haaptstad tëschent 1993 an 1995 bosnesch-serbeschen Zaldote Sue bezuelt hunn, fir op Ziviliste schéissen ze kënnen.
Déi fréier Buergermeeschtesch vu Sarajevo Benjamina Karic hat no der Diffusioun vum Documentaire Plainte deposéiert, de Parquet vu Sarajevo ermëttelt wéinst dem Verdacht op Krichsverbriechen.
Am Mäerz huet dann och den italieenesche Journalist Ezio Gavazzeni e Buch zum selwechten Thema verëffentlecht. E Fransous gëtt hei zitéiert, dee kleng Gruppe vun dëse "Krichstouriste" wëll begleet hunn. Dës koumen deemno aus Russland, Italien, Frankräich, der Belsch, der Schwäiz an Éisträich. D'Reese solle vun enger Entreprise an Italien organiséiert gi sinn, d'Clientë wiere meeschtens iwwer 50 Joer al a räich gewiescht.
D'Belagerung vu Sarajevo duerch d'Arméi vun der Republika Srpska huet vun 1992 bis 1996 gedauert a war mat insgesamt 1.425 Deeg déi längst Belagerung vun enger Stad am 20. Joerhonnert. Ronn 11.500 Männer, Fraen a Kanner sinn duerch permanente Sniper- an Artillerie-Beschoss ëm d'Liewe komm.