Taxendeal no Trump Ultimatum ëmgesatEU-Import-Taxen op Industrie-Gidder aus den USA falen ewech

AFP, iwwersat vun RTL
No méintelaange Verhandlungen a widderhuelte Menacë vum US-President Donald Trump ass de Wee fir d'Ëmsetzung vum Taxen-Deal tëscht der EU an den USA fräi.
Nach monatelangen Verhandlungen und wiederholten Drohungen von US-Präsident Donald Trump ist der Weg für die Umsetzung einer Zollvereinbarung zwischen der EU und den USA frei.
No fermem Drock vun den USA goufe sech d'Negociateuren vun den EU-Länner eens.
© AFP/Archiv

Vertrieder aus dem Europaparlament an dem Rot vun de 27-EU-Länner hu sech an der Nuecht op e Mëttwoch zu Stroossbuerg dorop gëeenegt, europäesch Taxen op US-Industriewueren ofzeschafen. Domat wëll d'EU den Delai vum Donald Trump anhalen.

Virdrun hat den US-President den Drock erhéicht. Sollt d'Ëmsetzung bis de 4. Juli net decidéiert sinn, géing hien nei Stroftaxe verhänken an d'Taxen op Autoe vun aktuell 15 Prozent op 25 Prozent erhéijen. Mam Kompromëss ginn d'europäesch Taxen op US-Industriewuere wéi Autoen a Maschinnen ofgeschaaft. D'Ofschafe soll gräifen, soubal d'Gesetz a Kraaft getrueden ass an op den 31. Dezember 2029 auslafen - also iwwer e Joer no den nächste Presidentschaftswalen an den USA.

Decidéiert gi war d'Ofschafen am Deal, deen d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen de leschten August mam Trump decidéiert hat, fir eng Eskalatioun am Taxe-Sträit z'evitéieren. Den Trump huet am Géigenzuch versprach, op déi meescht EU-Produiten Taxe vu maximal 15 Prozent ze setzen. D'USA hätte sech gréisstendeels un hir Zousoe gehalen, an der EU dauert d'Ëmsetzung awer scho Méint, wat Washington net schmaacht.

Ëmmer nees hat d'Europaparlament opgehalen, un der Ëmsetzung ze schaffen, well eng gewëssen Onsécherheet no de Menacë vum Trump am Sträit ëm Grönland an engem Urteel vum Ieweschten US-Geriichtshaff géint d'US-Taxen opkomm war. Op Drock vun den Deputéierte gesäit d'Gesetz elo eng Noutfallklausel vir.

D'EU-Kommissioun kann d'Ofschafe vun den Taxe mam Accord vun de Memberstaaten nees aussetzen, falls den Trump d'Taxen erhéicht. Dat selwecht gëllt, wann d'USA iwwer 2026 eraus weiderhin Taxen an Héicht vu 50 Prozent op Produite setzen, déi Stol an Aluminium enthalen. Dës Noutfallklausel ass allerdéngs manner streng formuléiert wéi ursprénglech vun den Deputéierte gefuerdert. D'EU-Kommissioun souwéi verschidden EU-Staate fäerten, datt si den Trump soss nees verstëmme kéinten.

De Chefnegociateur vum EU-Parlament, de Bernd Lange (SPD), huet sech trotz den Zougeständnesser zefridde gewisen: "D'Parlament huet sech mat senge Fuerderungen no engem ëmfaassende Sécherheetsnetz duerchgesat", sou de Lange no de Verhandlungen.

"Den Deal benodeelegt d'EU, kann awer e gewësst Mooss un ekonomescher Stabilitéit sécheren", huet déi Gréng-Deputéiert Anna Cavazzini betount. "Et bleift ze hoffen, datt den Accord am Taxendeal elo e bësse Rou erabréngt, soudatt déi aner grouss Chantiere vum EU-US-Verhältnes ugaange kënne ginn."

Souwuel d'EU-Parlaament wéi och den EU-Rot mussen de Kompromëss nach formal ofseenen an hunn dofir elo gutt sechs Wochen Zäit, bis dem Trump säin Ultimatum ofleeft. Ofzewaarde bleift, wéi d'US-Regierung reagéiert.

Back to Top
CIM LOGO