
Den Entrepreneur Isak Andic war am Dezember 2024 mat senger Famill an de Montserrat-Bierger ronderëm déi katalanesch Metropol Barcelona op enger Wanderung, wéi hie méi wéi honnert Meter an d'Déift gefall an am Alter vun 71 Joer gestuerwen ass. D'Enquêteure waren uganks vun engem trageschen Accident ausgaangen, am Januar 2025 gouf de Fall vun engem Riichter klasséiert. Am Oktober zejoert si wéinst Widderspréch am Jonathan Andic sengen Aussoen d'Ermëttlungen allerdéngs nees lancéiert ginn. Wéi den Isak Andic gefall war, war nëmmen de 44 Joer ale Fils an der Géigend. Dësen huet bis ewell seng Onschold betount a vun engem Accident geschwat. En Dënschdeg de Moien dunn ass hie vun der spuenescher Police festgeholl ginn.
Den Isak Andic war 1953 als Fils vun enger jiddescher Famill am tierkeschen Istanbul op d'Welt komm. Mat 14 Joer ass hie mat senger Famill op Barcelona geplënnert, wou hien 1984 säin éischte Mango-Buttek opgemaach huet. D'Entreprise huet sech séier zu enger vun de gréisste Kleederchaînen an Europa entwéckelt. Mat engem Verméigen, dat vum "Forbes"-Magazin op ëmgerechent ronn 3,86 Milliarden Euro geschat gëtt, huet den Isak Andic zu engem vun de räichste Leit a Spuenien gehéiert. Säin eelste Fils Jonathan huet eng Rei Chefpositiounen an der Entreprise iwwerholl.