
Ee vun den zwee presuméierten Ugräifer vun e Méindeg soll Medieberichter no en Abschidsbréif mat rassisteschen Texter hannerlooss hunn. Déi zwee Männer am Alter vu 17 an 18 Joer hu sech nom Ugrëff an engem Auto d'Liewe geholl.
D'Attack war e Méindeg an engem islameschen Zenter zu San Diego geschitt, zu deem déi gréisste Moschee aus der Regioun an och eng Schoul gehéieren. Déi éischt Poliziste solle bannent véier Minutten no engem Noutruff wéinst enger Attack mat Schosswaffen op der Plaz ukomm, sou de lokale Policechef Scott Wahl. Virum Zenter wieren "dräi Doudeger" fonnt ginn, dorënner och e Sécherheetsmataarbechter vun der Moschee, duerch deem säin Agräife wuel weider Doudesaffer verhënnert goufen, sou de Wahl. Iwwer d'Identitéit vun den zwee aneren Doudesaffer gouf näischt gesot.
Spéider si bei der Police nach weider Noutriff wéinst Schëss an der Ëmgéigend vun der Moschee agaangen. Déi zwee Ugräifer waren doropshin dout an engem Auto mat "selwer zougefüügte Schosswonne" fonnt ginn.
Weider heescht et vum Policechef Scott Wahl, d'Mamm vun engem vun den Täter hätt zwou Stonne virum Ugrëff bei der Police ugeruff a gesot, hire Fils wier "suicidegefäerdet". Ausserdeem wieren eng Rei Waffen an hiren Auto geklaut ginn. D'Police wier doropshi fir d'éischt bei eng Schoul gefuer, zu där de Verdächtege Lienen hat, ier dunn den Noutruff iwwer d'Schëss beim islameschen Zenter erakomm wier.
Den Imam vum Zenter, den Taha Hassane, sot Medie géigeniwwer, Léierpersonal, Mataarbechter a Kanner wieren a Sécherheet. Et hätt een "nach ni esou eng Tragedie erlieft".
Den US-President Trump huet am Wäissen Haus vun enger "schrecklecher Situatioun" geschwat. De kalifornesche Gouvener Gavin Newsom huet erkläert "Gleeweger sollten néierens mussen ëm hiert Liewe fäerten". Haass hätt a Kalifornien keng Plaz an de Bundesstaat géing un der Säit vun der muslimescher Communautéit stoen.