Mat US-amerikanescher ËnnerstëtzungNigerianesch Arméi huet 175 IS-Kämpfer ëmbruecht

RTL mat AFP
An Zesummenaarbecht mat US-amerikaneschem Militär geet déi nigerianesch Arméi géint d'Membere vun der Dschihadistemiliz vir, déi sech an hirem Land wëlle breet maachen.
Nigeria geet zesumme mat den USA géint den IS vir
Nigeria geet zesumme mat den USA géint den IS vir
© AUDU MARTE/AFP

Eegenen Aussoen no huet déi nigerianesch Arméi, zesumme mam US-Militär, am Nordoste vun Nigeria bei Loftattacke ronn 175 Membere vun der Dschihadistemiliz Islamesche Staat ëmbruecht. Ënnert den Affer wier ee vun den héchsten IS-Commandeuren.

Déi gemeinsam Loftugrëffer hätte Kontrollpunkten, Waffendepoten, Logistikzenteren, militärescht Material a Finanz-Netzwierker zerstéiert, déi genotzt gi sinn, fir déi terroristesch Aktioune vun der Miliz oprecht z'erhalen, housch et weider an engem Communiqué vum nigerianesche Verdeedegungsministère.

Schonn an der Nuecht op e Samschdeg wier den Abu-Bilal al-Minuki déidlech getraff ginn. Dem US-President Donald Trump no wier hien "déi weltwäit Nummer 2" vum IS an "ee vun den aktiivsten Terroristen op der Welt" gewiescht. Den Islamist hätt Erfarung gehat an der Medien- a Finanz-Strategie, grad esou wéi an der Entwécklung a Produktioun vu Waffen, Sprengstoff an Dronen, sou d'US-Militär.

Nigeria kämpft zanter Joren am Norde vum Land géint dschihadistesch Rebellen, dorënner d'Miliz Boko Haram a regional Divisioune vum IS. Enger internationaler Datebank fir Konflikter no ass Westafrika entretemps dat Gebitt, an deem islamistesch Milizzen am meeschten unzetreffen an aktiv sinn.

Back to Top
CIM LOGO