
D’Europäesch Kommissioun huet en Dënschdeg zu Bréissel en neien Aktiounsplang fir Düngemëttelsécherheet presentéiert. D’Zil ass, déi europäesch Landwirtschaft géint héich Präisser, geopolitesch Spannungen an eng ze grouss Ofhängegkeet vun Importer ofsécheren. Zënter Méint klammen d’Präisser fir Dünger an Energie. Besonnesch d’Kris am Mëttleren Osten an d’Blockéiere vun der Strooss vun Hormus hunn d’Situatioun weider verschäerft. Vill Baueren an Europa stinn ënner Drock.
"Mir hunn eng Kris vun den Düngemëttelpräisser aktuell an Europa", seet den EU-Kommissär Christophe Hansen am RTL-Interview. Schonn tëschent 2020 an 2024 wieren d’Präisser ëm iwwer 60 Prozent geklommen. An elo säit 2024, a besonnesch déi leschte Méint, wiere se nach eng Kéier ëm 70 Prozent an d’Luucht gaangen. Besonnesch Betriber, déi vill syntheeteschen Dünger brauchen, géifen dat spieren. "Dat mécht dann, datt hir Rechnung eigentlech net méi opgeet", esou de Christophe Hansen.
Mam neien Aktiounsplang wëllt d’EU kuerzfristeg virun allem de Baueren hëllefen. Dem Christophe Hansen no sollen dofir europäesch Sue méi séier kënnen ausbezuelt ginn. "Mir mussen de Baueren elo eminent an direkt ënnert d’Äerm gräifen“, seet hien.
Ënner anerem soll d’Reserve agricole mobiliséiert ginn. "Do sinn nach 200 Milliounen iwwreg, déi 200 Millioune wäerte mer direkt notzen“, erkläert de Kommissär. Zu dëse Sue sollen nach weiderer dobäi kommen. "Ech hoffen, datt mer do op eng gutt hallef Milliard wäerte kommen."
Laangfristeg geet et der EU awer och ëm méi strategesch Onofhängegkeet. Aktuell géing Europa nach ëmmer tëschent 40 a 45 Prozent vun den Düngemëttel aus Drëttlänner importéieren. "Dat mécht eis natierlech extreem vulnerabel, wann esou Krise kommen", warnt de Christophe Hansen.
Dofir soll di eegen, europäesch Produktioun gestäerkt ginn. Gläichzäiteg wëllt d’Kommissioun awer och méi op organeschen Dünger setzen – beispillsweis duerch eng besser Notzung vum Digestat aus Biogasanlagen. Dem Christophe Hansen no hätt Europa prinzipiell d’Capacitéit, fir méi selwer ze produzéieren. "Mir produzéieren iwwert d'Hallschent vun eisem Dünger nach ëmmer selwer", seet hien. An de leschte Joren hätten awer eng ganz Rëtsch Wierker zougemaach, well et méi bëlleg war, Düngemëttel z’importéieren.
Nieft der Landwirtschaft geet et bei dësem Dossier awer och ëm Industrie- a Klimapolitik. Trotz der aktueller Kris soll Europa dem Kommissär no net vu senge Klimaziler ofkommen. "D’Industrie an d’Landwirtschaft hunn hei Interêt, sou enk wéi méiglech zesummen ze schaffen“, esou de Chritsophe Hansen.
Fir hien ass d’Theema Deel vun enger méi breeder europäescher Strategie géint Ofhängegkeeten. "Esou eng Ofhängegkeet kënne mer eis net erlaben", seet hien am Kontext vu Medikamenter, Mikrochippen an eben och Düngemëttel.
Nodeems de Plang e Mëttwoch presentéiert gouf, fänkt dann de politesche Prozess un. Verschidde Saachen, wéi di finanziell Hëllefe fir d’Baueren, kënne relativ séier ëmgesat ginn. Anerer, wéi nei Gesetzesproposen, musse mat de Memberstaaten an dem EU-Parlament verhandelt ginn.