
Eng Attack mat enger Dron huet en Dënschdeg zu Ghubaysh am Bundesstaat West Kordofan 28 Doudesaffer gefuerdert. Donieft wieren 23 Persoune blesséiert ginn, mellen d'Autoritéite vun der Plaz. Zanter dräi Joer ass am afrikanesche Land e Krich amgaangen, an deem sech déi sudaneesesch Arméi an déi paramilitäresch Rapid Support Forces géintiwwer stinn.
Aenzeien no wier d'Dron vun der sudaneesescher Arméi ofgeschoss ginn an hätt fir d'éischt e Gefier vun den RSF getraff, éiert se duerno an engem gutt besichte Restaurant ageschloen hätt. Aner Quelle schwätze vun zwou Dronen, déi noeneen explodéiert wieren. D'Arméi huet all d'Virwërf dementéiert a gesot, si géife keng Ziviliste cibléieren, mee just militäresch Ziler, wéi arméiert Gefierer a Waffelageren.
Der UNO no wieren an den dräi Joer Krich zéngdausende Leit ëm d'Liewe komm a méi wéi 11 Millioune Leit hätten hir Heemecht verlooss, wat zu enger humanitärer Kris gefouert hätt. Zanter Januar wiere bei Dronenattacken op d'mannst 880 Ziviliste gestuerwen. Déi südëstlech Regioun, déi zanter Oktober ënnert der Kontroll vun den RSF läit, ass räich un Ueleg a seelene Buedemschätz.