Brittesch Regierung vum PréifstandEn Donneschdeg si Walen an England, Wales a Schottland

AFP, iwwersat vun RTL
Milliounen Awunner a Schottland a Wales sinn en Donneschdeg fir d'Wal vum Regionalparlament, an an England fir d'Kommunalwalen opgeruff. Ausserdeem ginn an enger Rei englesche Stied d'Buergermeeschteren nei bestëmmt.
Am Donnerstag sind Millionen Bürger in Schottland und Wales zur Wahl des Regionalparlaments und in England zur Stimmabgabe bei der Kommunalwahl aufgerufen. Außerdem werden in mehreren englischen Städten die Bürgermeister neu bestimmt.

Milliounen Awunner a Schottland a Wales sinn en Donneschdeg fir d'Wal vum Regionalparlament, an an England fir d'Kommunalwalen opgeruff.
© AFP

D'Walkabinne maachen ëm 7 Auer Lokalzäit op a maachen um 22 Auer zou. Éischt Resultater gi sech deemno eréischt an der Nuecht op e Freideg erwaart.

Den Ëmfroen no muss sech déi lénksgeriichte Labour-Partei ronderëm de Premier Keir Starmer dorop astellen, nawell ferm Plommen ze loossen. Dogéint kënnen déi Gréng an déi rietspopulistesch Partei Reform UK op méi Stëmmen hoffen. Virun allem op Wales gëtt gekuckt, wou Labour fir d'éischte Kéier d'Kontroll iwwer d'Regionalparlament verléiere kéint.

Sollt d'Labour-Partei ganz schlecht ofschneiden, kéinten d'Fuerderungen no engem Récktrëtt vum Keir Starmer méi haart ginn.

Back to Top
CIM LOGO