
En Top-Kommandant vun der Hisbollah war e Mëttwoch Zil vun enger israeelescher Attack zu Beirut. Dat hunn de Premier Benjamin Netanjahu an de Verdeedegungsminister Israel Katz an engem gemeinsame Statement wësse gedoen. Déi sougenannt Radwan-Eenheet wier ënnert dem Mann sengem Kommando responsabel fir fir Ugrëffer op israeelesch Gemengen an Zaldoten.
Aus der libaneesescher Haaptstad ass effektiv eng schwéier Explosioun gemellt ginn. Den Numm vum besote Kommandant, an ob hir Missioun erfollegräich war, hunn d'Israeli net gemellt.
Iwwerdeems hunn d'USA en Tanker, deen ënner iraneschem Fändel fiert esou beschoss, datt en net ze manövréieren ass. Dat eidelt Schëff M/T Hasna hätt géint d'Blockad vun der Strooss vun Hormus verstouss, andeems et hätt wëllen an een iraneschen Hafe fueren, esou den US-amerikaneschen Zentralkommando op de Soziale Medien.
Nodeems den Equipage net op Warnschëss reagéiert hat, huet e Kampffliger, dee vun engem Flugzeugträger an der Regioun gestart war, d'Schëff beschoss, sou dass et méi weiderfuere kann. Iwwer méiglech Affer ass aktuell näischt gewosst.