
Eng Belounung vun enger Millioun Euro fir Informatiounen: Dat huet d’Iris Spranger vun der SPD zu Berlin confirméiert. Si huet vun engem “eemolege Virgang” geschwat, souwuel wéinst der Héicht vun der Belounung wéi och wéinst der gravéierender Situatioun. Zil wier et, en Akt vu Terrorismus opzeklären.

Duerch den Uschlag Ufank Januar ware ronn 45.000 Stéit an 2.200 Betriber ouni Stroum. Zu der Dot huet sech eng lénksextreem Grupp mam Numm “Vulkangruppe” bekannt. Déi Revendicatioun gëllt als authentesch. Et gëtt wéinst dem Verdacht op Memberschaft an enger terroristescher Vereenegung, verfassungsfeindlechem Sabotage, Brandstëftung an der Stéierung vun ëffentleche Betriber ermëttelt.
Dës “Vulkangruppe” ass de Sécherheetsautoritéiten zanter 2011 bekannt a gëtt mat ville Branduschléi a Berlin a Brandenburg a Verbindung bruecht. D’Ziler sinn dacks Infrastrukture wéi Kabelbrécken awer och Firmenautoen. A Regierungskreesser gëllt déi héich Belounung och als Indiz, datt d’Ermëttler bis elo keng konkret Spuer zu den Täter hunn.