
D'ACR Carbie vun der kolumbianescher Arméi ass e Freideg de Moien am Hafe vun Havanna ukomm, wéi Journaliste vun der Noriichtenagence AFP observéiert hunn. Der kolumbianescher Regierung no huet d'Schëff vun der Marinn ronn 100 Tonne Liewensmëttel, Medikamenter, Spidolsmaterial a Solanpanels transportéiert.
Aus Washington ass den Drock op Havanna an de leschte Méint ëmmer méi geklommen. Kubanesch Regierungsvertrieder geheie Washington vir, ee Virwand ze sichen, fir déi sozialistesch Insel militäresch kënnen unzegräifen. Den US-President Trump hat schonn e puermol domat gedreet, d'Kontroll iwwer d'Land ze iwwerhuelen.
Kuba läit just ongeféier 145 Kilometer vun der Südspëtzt vum US-Bundesstaat Florida wäit fort. Zenter 1962 steet d'Land ënnert engem US-Wirtschaftsembargo. Aktuell ass Kuba an der schwéierster Kris zanter dem Enn vun der Sowjetunioun — d'Land leit ënner Stroumausfäll an engem Manktem u Pëtrol.
D'kubanesch Regierung huet e Freideg erkläert, et géif een un engem Pak u "Prioritéite" schaffen, fir op d'Kris ze reagéieren an de wirtschaftlechen a soziale Modell vum Land ze reforméieren.
Och Mexiko huet schonn Hëllefsgidder op Kuba geschéckt. Pëtrol war allerdéngs och bei dëser Hëllefsliwwerung keen derbäi.