
D’Ebola Epidemie an der Demokratescher Republik Kongo weit sech ëmmer weider aus, dat souwuel geographesch, wéi och wat d’Fall-Zuelen ugeet.
D'Weltgesondheetsorganisatioun WHO mellt, dass de Virus sech aktuell am Nordoste vum Kongo verbreet an dass dat richtegt Ausmooss vun der Verbreedung nach guer net kéint erfaasst ginn.
Scho Mëtt Mee hat d’WHO en “état d’urgence" mat internationaler Ausbreedung ausgeruff, déi zweethéchst Alarmstuf. Aktuell zielt déi demokratesch Republik Kongo iwwer 676 Verdachtsfäll an iwwer 136 Doudesfäll. Ebola verbreet sech duerch direkte Kontakt mat Kierperflëssegkeete vun den Infizéierten. D'Inkubatiounszäit ass bis zu 3 Wochen.