
Vu kuerz virun 10 Auer u wäert et dobäi ënnert anerem ëm eng rezent Propos vun der EU-Kommissioun fir ee weidere Sanktiounspak géint Russland goen. Weider Theeme sinn och d'Lag am Noen Osten, den Iran-Krich an d'Relatiounen zu China.
D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hat d'lescht Woch ënner anerem proposéiert, datt fréier russesch Zaldoten net sollen an d'EU areesen dierfen. Mat Bléck op de Konflikt am Noen Osten dierften ausserdeem nees Sanktioune géint déi zwee rietsextrem israeelesch Ministere Bezalel Smotrich an Itamar Ben Gvir diskutéiert ginn.