
Nom Skandal mat veronrengegter Puddermëllech fir Puppelcher féiert d’EU vun en Donneschdeg u méi streng Kontrollen a fir en Inhaltsstoff aus China. Den Ueleg aus sougenannter Arachidonsaier dierf just nach an d’EU importéiert ginn, wann en am Labo op de Gëftstoff Cereulid getest gouf. Dës Decisioun geet e Mëttwoch aus dem verëffentlechten EU-Amtsblat ervir. Bei der Douane sollen deemno an Zukunft d’Hallschent vun de Liwwerunge beim Import op en Zertifikat vun engem Labo kontrolléiert ginn.
E puer Fournisseuren, dorënner europäesch Grousskonzerner wéi Nestlé, Danone a Lactalis, hunn zanter Dezember a méi wéi 60 Länner weltwäit Babynarung zeréckgeruff. Grond wier eng méiglech Veronrengegung vun de Produite mam Gëftstoff Cereulid, dee fir Duerchfall an Iwwelzegkeet féiere kann. Der Europäescher Agence fir Lirewensmëttelsécherheet (EFSA) an dem Europäesche Zentrum fir d’Preventioun an d’Kontroll vu Krankheeten (ECDC) no goufen an op d’mannst siwe Länner Fäll vu kranke Kanner gemellt.
D’Spuer féiert den EU-Autoritéiten no a China. Cereulid goufen eng éischte Kéier am Dezember a Chargë vu Präparater nogewisen, déi Arachidonsaier aus china enthalen.
Arachidonsaier ass e wichtege Närstoff fir Puppelcher, déi och an der Mammemëllech enthalen ass. De Gëftstoff Cereulid kann entstoen, wa Babynarung oder d’Ingredienten ze laang waarm gehale goufen oder e puer Mol opgewiermt.