Lëtzebuerger Ausseminister Xavier BettelFridden oder Krich an der Ukrain - "Dat hänkt dovun of, wat den Donald Trump wëll"

Jeannot Ries
De Lëtzebuerger Ausseminister zitt no véier Joer Krich den Hutt virum ukrainesche Vollek a sengem President.
Fridden oder Krich an der Ukrain: "Dat hänkt dovun of, wat den Trump wëll"

Zanter den éischten Deeg vun der russescher Invasioun hänkt den ukrainesch Fändel virum Ausseministère. Als Zeeche vu Solidaritéit mat engem Vollek an deem sengem President, virun deenen de Xavier Bettel den Hutt zitt.

“Et fënnt een am Fong schwéier Wierder, wann ee keng Erklärung huet iwwerhaapt fir de Krich. Viru véier Joer war et eng falsch Decisioun vun de Russen, d’Ukrain ze aggresséieren, ze attackéieren an haut nach ëmmer. Deemools huet jiddwereen awer gemengt, dat wier an zwou Woche fäerdeg. Ech mengen, de President Putin och. An am Fong do, wou hie wollt Russland grouss maachen, huet hie Russland méi kleng gemaach. Esou wéi ech him um Telefon gesot hat. Krich ufänken ass einfach. Am Fong e Leadership ass, e Krich ze beendegen.”

Haut, vum véierte Joresdag vun der russescher Invasioun huet den ukrainesche President Selenskyj d’Europäer opgeruff, eng méi staark Roll bei Friddensgespréicher ze spillen. De Lëtzebuerger Ausseminister bedauert, datt Europa den Ament guer net mat um Verhandlungsdësch sëtzt. Weder wat d’Ukrain ubelaangt, nach a Punkto Noen-Osten.

“De Problem ass, wa mer e Chouer hu vu 27, wou mer 27 Partitiounen hunn, ass éischtens net nozelauschteren, an Dir kritt näischt mat. Wa mer e Chouer hunn, wou mer zu 27 kënnen zesumme sangen an déi selwecht Partitiounen hunn, da si mir vill méi haart wéi een zu Washington, deen eleng séngt. Mee de Problem ass, mir hu 27 Leit, déi verschidde Partitiounen hunn, wat eng Kakophonie ass.”

Ze vill Politiker hätte vergiess, datt d’EU u sech e Friddensprojet ass. Sengem Gefill no wier fir vill Politiker d’EU haut just nach Business, Handel, Steieren, Finanzen. De Mënsch stéing net méi genuch am Mëttelpunkt, sou den Ausseminister. Deen zeréck bei d’Ukrain mam Bléck op d’Friddensgespréicher vill Punkten ouni Äntwert gesäit.

“D’Territorial-Froen. Dat ass eng Kéier d’Krim, russesch oder net russesch. Et geet eng Kéier ëm Donetsk a Luhansk, russesch, net russesch, international Zon, mixt Zonen. Wie kontrolléiert se? Et geet ëm Strophen, ass eng Responsabilité pénale do fir déi Doten, déi gemaach gi sinn. Et geet ëm d’Reparatiounen. Et geet ëm d’russesch Sprooch.”

Um Enn géif ee Mann entscheeden, iwwer Krich oder Fridden.

“Dat hänkt dovun of, wat den Donald Trump wëll. Et ass schrecklech, dass ech dat soen. Et ass schwéier, dat ze soen. Hien huet gesot, hie wéilt virum Summer wierklech Schluss vum Krich hunn. Hien hat och gesot, bannent 48 Stonnen. Mee wann hien dann d’Moyenen och hëlt, déi hie kéint huelen, fir den Drock ze erhéijen, da kéint dat eppes bewierken. Mee da muss op där anerer Säit och ee bereet sinn déi Schrëtt ze maachen. An ech kennen do d’Egoen och vun deem engen a vun deem aneren.”

Kee wéilt als Verléierer do stoen. An de President Trump wéilt de Friddensnobelpräis. Am Fall, wou um Enn e permanente Fridden eraus kéim, hätt hien, de Xavier Bettel, kee Problem, datt den Trump den Nobelpräis kritt. Hien dierft dann awer net muer nees Brandstëfter spillen, sou de Lëtzebuerger Ausseminister.

Weider Reaktioune vum Ausseminister Xavier Bettel zum Krich an der Ukrain ginn et e Mëttwoch de Moien um Radio.

Back to Top
CIM LOGO