Véier Joer Ukrain-Krich: Ufanks war nach Hoffnung do, datt dëse Krich net laang géing daueren. Ma och wann d’Fronten elo ëmmer méi verhäert sinn, géing een nach ëmmer d’Resilienz vum ukrainesche Vollek spieren, fënnt eisen Auslandskorrespondent Philip Crowther. Eppes, wat och den ukrainesche President ëmmer nees ervirgehuewen huet.
“Hie sot ëmmer nees a senge Videomessagen, op senge Pressekonferenzen, haut hei an der Haaptstad, datt d’Leit solle stolz drop sinn, op dat, wat ee bis elo als Vollek hei gepackt huet. Natierlech gouf et och vun him en Hommage un déi zéngdausenden Zaldoten an natierlech och Zivilisten, déi an dëse véier Joer Krich gestuerwe sinn. Mee vum Selenskyj och e Verspriechen, datt een dat, wat ee bis elo gepackt huet, net wëll opginn. Dat heescht den Territoire zum Beispill, deen een den Ament nach kontrolléiert, an dat sinn 80 % vum Land. Russland kontrolléiert den Ament 20 %. Dat wëll een alles zréckkréien. An dat ass weiderhin e Versprieche vun dëser Regierung.”
2024 gouf et nach méi zivil Affer wéi zejoert. Antëscht setzt Russland ëmmer méi op Energieterror an attackéiert geziilt kritesch Infrastrukturen. Trotz äisegem Wanter an der Ukrain géing een, sou de Philip Crowther, eng “nei Energie” bei den Ukrainer spieren.
Du hues d’Affer ugeschwat. 2024 gouf et nach méi zivil Affer oder d’lescht Joer wéi 2024. Russland setzt och ëmmer méi op Energieterror, attackéiert geziilt kritesch Infrastrukturen. Wéi erlieft een dat op der Plaz? Du wars jo an de leschte véier Joer e puer mol do.
“Déi Ugrëff vun de Russen op d’elektrescht Netzwierk hei an der Ukrain, déi gi bal all eenzelen Owend weider. Dat ass also eppes, wat d’Ukrainer ganz kloer verspieren. Et ass hinnen natierlech kal, mee den Ament ass dach eng nei Energie dran hei. An zur nämmlechter Zäit eppes ganz Wichteges, wat si ëmmer nees soen, a menge Gespréicher hei zum Beispill, ass, datt si onbedéngt natierlech e Fridde wëllen. Si wëllen, datt dat Ganzt endlech op en Enn kënnt. Si wëlle fir d’éischt e Waffestëllstand, natierlech och e Fridden, deen hält. An zur nämmlechter Zäit wëlle si näischt opginn. Si wëllen de ganzen ukraineschen Territoire zréck, a si wëllen, datt all russesch Zaldoten aus der Ukrain verschwannen.”
D’lescht Woch sinn nei Friddensgespréicher zu Genève ënner amerikanescher Vermëttlung nees ofgebrach ginn, ouni Resultat. Russland verlaangt weiderhin, dass Kiew seng Truppen aus dem Donbass zréckzitt, wat d’Ukrain awer kategoresch refuséiert. Wéi kann et dann do iwwerhaapt jeemools zu enger Eenegung kommen?
“Déi ganz einfach Äntwert ass, datt et natierlech net zu enger Eenegung ka kommen. Déi zwou Säite sinn einfach ze wäit auserneen. Dat heescht net, dass et net zu méi Negociatioune wäert kommen. D’Ukrainer haut schwätzen nees vu méiglechen Negociatiounen, dës Woch souguer warscheinlech nees zu Genève. Mä egal wou déi geschéien, ob zu Abu Dhabi oder an der Schwäiz, et kënnt einfach net vill dobäi eraus. Déi Delegatioune wäerte sech warscheinlech nees also Enn vun dëser Woch gesinn. Déi ukrainesch a russesch Delegatiounen, d’Presidenten, déi sinn ni dobäi. De Wolodymyr Selenskyj an de Wladimir Putin, déi si fir e gudde Grond net dobäi. Et gëtt einfach keng realistesch Léisung hei. Et gëtt kee gudde Grond, datt si iwwerhaapt dobäi sollte sinn. Hir Positioune sinn nach ëmmer u sech genau déi nämmlecht, wéi um Ufank vun dësem Krich viru véier Joer. Russland wëll offiziell déi total Kontroll vun der Donbass-Regioun am Osten. D’Ukrain wëll ganz kloer, datt all d’Russe fortginn aus dësem Land. An dozou gehéieren och déi Deeler, déi Russland besetzt zënter 2014 zum Beispill d’Hallefinsel vun der Krim. Déi Negociatioune wäerten also weidergoen an et erwaart ee sech kee konkreet Resultat. Mee do gëtt et awer eng Persoun, déi kéint dat vläicht iergendwéi mat Drock veränneren. An dat ass keen anere wéi den US -President Donald Trump. Firwat? Ma well hien u sech en Accord wëll virum Summer vun dësem Joer. De Grond dofir ass, datt et zu Mëttmandatswalen an den USA kënnt an den Donald Trump wëll sech gär dorop konzentréieren a wëll natierlech och kënnen annoncéieren, datt hien et iergendwéi gepackt huet, fir déi zwou Säiten zesummen ze kréien an iergendwéi kënnen en Accord ze ënnerschreiwen. Et schéngt onrealistesch, mee et kéint trotzdeem dach iergendwéi geschéien, mat der Hëllef, mam Drock vum Donald Trump.”
De Selenskyj wëll d’Europäer ëmmer erëm an d’Friddensgespréicher abauen. An och wann de Putin eng Bedeelegung vun hinne refuséiert, hu si en Dënschdeg zu Kiew nees gewisen, datt d’Europäer hannert der Ukrain stinn. Just Ungarn huet e Méindeg nees blockéiert an d’Positioun vun Europa geschwächt.
“Et war haut eng immens symbolesch Visitt vun der europäescher Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. De Rotspresident Antonio Costa war och hei zu Kiew haut, mee et war haaptsächlech eebe grad eng symbolesch Visitt, well eigentlech wollte si jo mam Versprieche vun engem neie Pak Sanktioune géint Russland heihinner kommen, dat wär den 20. Pak gewiescht an och mat engem neie Prêt fir d’Ukrain, engem massive Prêt, et koum zu kengem Accord op deenen zwou Säite fir d’Ukrain. An dat ass wéinst Ungarn. Ungarn steet do nach ëmmer am Wee. D’Slowakei och zu engem gewësse Sënn. Dat ass natierlech e haarden Ament fir d’Ukrain ze gesinn, datt d’Europäesch Unioun net déi Unitéit beweist, déi een eigentlech vun hinne wëll gesinn. An dat kënnt natierlech zur nämmlechter Zäit, wou een net méi déi grouss Hoffnung an d’USA huet. Et traut een deem Land net méi esou richteg. Et ass derwäert fir op den éischte Joresdag vun dësem Krich nach eng Kéier zréckzekucken. E puer Deeg virdru war den deemolegen US-President Joe Biden hei zu Kiew. Hien huet seng ganz Ënnerstëtzung der Ukrain gewisen. Do huet sech ganz vill verännert an deem Aspekt. Also vertraut een net méi zu honnert Prozent den USA op jiddwer Fall. An et ass een och e bëssen enttäuscht, datt ee vun der EU och e bëssen op d’Oppositioun vis-à-vis vun der Ukrain den Ament gesäit.”