
D’USA an den Iran verhandelen den Ament ënner Vermëttlung vum Oman zu Genf an der Schwäiz iwwert den iraneschen Nuklearprogramm. Et ass net fir d’éischt, dass den Atomprogramm vum Mullah-Regime zu Teheran Géigestand vun zéien internationalen Negociatiounen ass. 2015 gouf mam JCOPA och en ëmfaassenden Accord ofgeschloss, dee schliisslech zerbrach ass. En Iwwerbléck iwwer d’Geschicht vum iraneschen Nuklearprogramm an den internationale Beméiungen, fir dësen anzeschränken.
Den Iran huet an de spéiden 1980er Jore mam Opbau vun engem verstoppen Uräicherungsprogramm ugefaangen. D’Pläng fir de Bau vun Zentrifugen, fir spaltbaart Material unzeräicheren, krut Teheran iwwer d’Schmuggler-Netzwierk vum pakistaneschen Nuklearphysiker Abdul Qadeer Kahn. International Beobachter ginn dovun aus, dass den Iran zanter den 1990er Joren iwwert e kompletten Uräicherungsprogramm verfüügt an zanterdeem och Uran uräichert.
International public gouf den iraneschen Nuklearprogramm awer eréischt am Joer 2002. De 14. August huet den iraneschen Dissident Alireza Jafarzadeh op enger Pressekonferenz an der US-Haaptstad Washington DC d’Existenz vun der Uranuräicherungsanlag bei Natanz an dem Schwéierwaasser-Reakter nordwestlech vun Arak bekannt ginn. Doropshi koum et zu enger Inspektioun vun der Internationaler Agence fir Atomenergie (IAEA), déi d’Existenz vum iraneschen Nuklearprogramm schliisslech confirméiert huet.
Am Oktober 2003 koum et zu den éischten Negociatiounen iwwer den iraneschen Nuklearprogramm. No Gespréicher tëscht den Ausseminister vum Iran, Groussbritannien, Däitschland a Frankräich seet Teheran zou, d’Uräicherung vun Uran bis op Weideres auszesetzen. Ausserdeem gëtt den Iran säin Accord, fir sech net-annoncéierte Kontrolle vun der IAEA ze ënnerzéien. En definitiven internationalen Accord iwwer den iraneschen Nuklearprogramm kënnt awer net zustanen.
2005 kënnt et zu Teheran zu engem politesche Wiessel. Den Hardliner Mahmoud Ahmadinedschad gëtt neien iranesche President. Domat ännert dann och déi iranesch Nuklear-Strategie an Teheran fänkt nees un, Uran unzeräicheren. Den 31. Juli 2006 fuerdert de Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen den Iran schliisslech an der Resolutioun 1696 op, d’Uräicherung auszesetzen. Sollt den Iran weider Uran uräicheren, géif et zu Sanktioune kommen. Well Teheran net mat der Uräicherung ophält, decidéiert de Sécherheetsrot mat der Resolutioun 1737 vum 23. Dezember 2006 schliisslech déi éischt Sanktioune géint den Iran. An dëser goufen en Embargo fir den Import vu Waffen an Technologien, déi ee fir d’Uräicherung brauch, Finanzsanktiounen a Reesbeschränkunge géint gewëss Persoune verhaangen. D’Sanktioune goufe schliisslech mat de Resolutioune 1747 am Joer 2007, 1803 am Joer 2008 an 1929 am Joer 2010 weider verschäerft. Nieft den UN-Sanktiounen decidéieren och d’USA an d’EU vun 2006 respektiv 2010 un eege Sanktiounen, déi nach däitlech méi wäit ginn, ewéi d’UN-Sanktiounen.
Obwuel den Iran wärend dëse Jore säin Uräicherungsprogramm weider ausbaut, kënnt et och schonn 2006 zu den éischte Gespréicher tëscht dem Iran an de sougenannte P5+1, also de fënnef permanente Membere vum UN-Sécherheetsrot, USA, Russland, Groussbritannien, Frankräich, China an Däitschland als "+1".
En éischten Duerchbroch gëtt et am Joer 2013: D’P5+1 an den Iran eenege sech de 24. November op e provisorescht Atomofkommes, de sougenannten “Joint Plan of Action” - kuerz: JPA. Dësen trëtt schliisslech den 20. Januar 2014 a Kraaft a soll als Iwwergangsaccord déngen, bis e gréisseren, méi ëmfaassenden Accord ausgehandelt ass.
Am JPA huet den Iran sech dozou bereet erkläert, seng Kapazitéiten, fir Uran unzeräicheren net weider auszebauen a seng Aarbecht um Schwéierwaasser-Reakter bei Arak virleefeg ze stoppen. Ausserdeem huet Teheran der IAEA weider Informatiounen iwwer seng Nuklearanlagen zur Verfügung gestallt. Am Géigenzuch gouf et fir den Iran Erliichterunge bei de Sanktiounen an et gouf festgehalen, dass wärend der Lafzäit vum JPA keng weider Sanktiounen decidéiert ginn.
Den JPA huet de stabillen diplomatesche Kader gebueden, an deem schliisslech dat éischt ëmfaassend Nuklearofkommes tëscht dem Iran an de P5+1 ausgehandelt gouf. De 14. Juli 2015 hu béid Säite sech zu Wien op den “Joint Comprehensive Plan of Action”, den JCOPA gëeenegt. Béid Säiten hunn zougesot, dass den Iran Uran nëmme bis op deen Niveau dierf uräicheren, dee fir zivil Zwecker néideg ass, an dass den Iran am Wesentleche vun der Opbereedung vu Plutonium ofgesäit. Ausserdeem kruten d’Kontrolleure vun der IAEA en ëmfaassenden Zougang zu den iraneschen Anlagen zougesot. Am Géigenzuch goufen d’UN-, d’US- an d’EU-Sanktioune schrëttweis opgelackert. Et gouf awer e sougenannte “Snapback-Mechanismus” festgehalen: Fir de Fall, dass den Iran géint d’Ofkommes verstéisst, sollten d’Sanktiounen automatesch nees a Kraaft trieden, ouni dass ee vun de fënnef permanente Membere vum UN-Sécherheetsrot e Veto kann aleeën.
Allerdéngs war am JCOPA keng permanent Limitéierung vum iraneschen Nuklearprogramm festgehalen. D’Restriktiounen, deenen Teheran a punkto Uräicherung an Ausbau vun Zentrifugen zougestëmmt huet, wieren no 10 bis 15 Joer ausgelaf.
Nom Donald Trump sengem éischten Amtsuntrëtt gouf et vun amerikanescher Säit ëmmer méi staark Kritik um JCOPA. Et goung rieds vun engem vun de “schlechtsten an eesäitegsten Accorde vun allen Zäiten”. Ee vun den Haaptkritikpunkte war de Fait, dass wesentlech Restriktiounen aus dem Ofkommes zäitlech limitéiert waren. Donieft huet d’Trump-Administratioun dem Iran reprochéiert, am Virfeld vum Ofschloss vum Accord net alleguer d’Informatiounen iwwer säin Atomprogramm matgedeelt ze hunn. E weidere Kritikpunkt vun den USA war, dass d’Ofkommes den iranesche Rakéiteprogramm net géing mat ofdecken. De leschten zentrale Kritikpunkt vun den USA war, dass den Iran d’finanziell Mëttel, zu deenen en ënnert dem JCOPA nees Zougang krut, kéint benotzen, fir sech iwwert de Finanzement vun Acteure wéi der Hisbollah oder der Hamas Afloss am Noen Osten ze sécheren.
D’USA hunn den JCOPA schliisslech den 8. Mee 2018 eesäiteg verlooss. Deen Ament goufen och déi amerikanesch Sanktioune géint Teheran nees a Kraaft gesat. Den Iran ass fir d’éischt am Ofkommes bliwwen, huet awer vun 2019 un ëmmer weider géint dësem seng Oplage verstouss, éier en 2025 definitiv aus dem Accord ausgetrueden ass.
Zanter dem Aus vum JCOPA ënnerläit den iraneschen Atomprogramm aktuell nach de Bestëmmunge vum NPT-Vertrag, also dem Vertrag iwwert d’Net-Verbreedung vun Nuklearwaffen. Ausserdeem gëllen d’UN-Sanktiounen, déi duerch de “Snapback-Mechanismus” vum JCOPA automatesch a Kraaft getruede sinn, nees.