Den Emmanuel Macron bleift franséische President, d’Marine Le Pen huet fir d’drëtt Kéier verluer a Frankräich ass en dividéiert Land. Dat ass de Fazit vum Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn nom zweete Waltour. “Europa seet haut e grousse Merci, datt Frankräich keng Presidentin Le Pen gewielt huet”. Dat hätt geféierlechen Nationalismus a falsche Patriotismus an Europa bedeit, sou de Jean Asselborn. Senger Meenung no wäert déi vertikal Staatsféierung a Frankräich an eng méi participativ iwwergoen. 41 Prozent u Stëmmen, déi d’Marine Le Pen kritt hätt, wieren der immens vill, huet de Jean Asselborn betount. Frankräich wier gespléckt. Dowéinst misst de President Macron elo kucken, nees méi no bei d’Leit ze kommen a se nees zesummen ze féieren.
Och de Lëtzebuerger Staatsminister huet e Méindeg de Moien eng Analys vum Walresultat gemaach. De Xavier Bettel huet ënnerstrach, datt d’Victoire vum Emmanuel Macron och am Interêt vu Lëtzebuerg wichteg wier. D’Marine le Pen wier keng Frëndin vum Grand-Duché: “D’Madamm Le Pen wier net gutt gewiescht fir d’Bezéiunge mat Frankräich. Ech hunn déi lescht Jore jo matkritt, wat se iwwerhaapt vu Lëtzebuerg hält an iwwert d’Lëtzebuerger hält (...) ech kann Iech soen, dass d’Land sech soll freeën, dass mir en Noper hunn, mat deem mir konstruktiv kënne weiderschaffen”.
Och de russesche Staatschef Wladimir Putin huet dem Macron gratuléiert. “Ech wënschen Iech Erfolleg an Ärer staatlecher Tätegkeet an eng gutt Gesondheet”, huet de Putin an engem Telegramm geschriwwen. Wéinst der russescher Invasioun sinn d’Bezéiungen tëscht Russland a Frankräich den Ament ugespaant. E puer Mol huet den Emmanuel Macron mat sengem russeschen Homolog telefonéiert a versicht hien ëmzestëmmen. Zesumme mat anere westleche Länner huet Frankräich eng Partie Sanktioune géint Russland verhaangen.
Eng interaktiv Kaart weist Iech, wéi wéi en Departement gewielt huet.