
D’hollännesch Regierung wëll d’Entreprisen an d’Privatleit am Ganze mat eppes iwwer 950 Milliounen Euro bei der Hausse vun de Bensinnspräisser entlaaschten. Wéi et e Méindeg an enger Erklärung vun der Regierung zu Den Haag heescht, misst een dovun ausgoen, dass d’Energiepräisser bis op Weideres wäerten héich bleiwen, och wann de Konflikt am Noen Oste sollt séier op en Enn kommen. An engem éischten Hëllefspak solle 627 Milliounen Euro agesat ginn. Dovu ginn ënner anerem 150 Milliounen Euro fir d’Ariichte vun engem zäitlech begrenzten Energie-Noutfallplang fir d’Ënnerstëtzung vu Privatpersounen agesat. Donieft sollen 340 Milliounen agesat ginn, fir d’Sozialausgaben an d’Steieren ze senken. Dës Mesure soll och duerch eng Hausse vun anere Steieren, zum Beispill op den Alkohol géigefinanzéiert, ginn.
Ausserdeem gouf an Holland e Méindeg déi éischt Phas vum Kriseplang fir en Enkpass bei de fossillen Energien declenchéiert. Wéi et vun Den Haag heescht, wier een zwar nach net en engem akuten Enkpass, et géif een awer d’Administratiounen an d’Industrie mobiliséieren fir de Fall, dass et dozou géing kommen.