
Europa huet e Méindeg op en Neits seng Ënnerstëtzung fir déi palästinensesch Zivil-Autoritéit demonstréiert a seng Fuerderung no enger Zwee-Staate-Léisung am Israel-Palästina-Konflikt widderholl. Dëse Message vun der Ënnerstëtzung fir déi offiziell palästinensesch Regierung kënnt als Reaktioun op de Fait, dass den US-President Donald Trump dës a senge Pläng fir Gaza an sengem “Board of Peace” marginaliséiert.
“Mir treffen eis an der Mëtt vun engem Stuerm. Mee mir kënnen de Kompass net opginn”, huet vun der belscher Ausseministesch Maxime Prevot fir den Optakt vun der Konferenz vun der Globaler Allianz fir d’Zwee-Staate-Léisung (“Global Alliance for the Two-State Solution”) zu Bréissel geheescht. Et misst een un der Saach drubleiwen, de Konflikt tëscht Israel a Palästina hätt nämlech en Afloss op de ganzen Noen Osten an och op de Rescht vun der Welt, sou déi belsch Chefdiplomatin weider.
D’Europäesch Unioun ass - trotz enger gewësser Skepsis - de gréisste finanziellen Ënnerstëtzer vun der ziviller palästinensescher Regierung. Zu Bréissel ass een dann och der Meenung, dass d’Autoritéiten zu Ramallah no engem definitiven Enn vum Krich eng zentral Roll a Gaza sollt spillen.
Et misst een dann och méi maachen, fir sécherzestellen, dass d’Mënscherechter an der Gazasträif respektéiert ginn an d’Zwee-Staate-Léisung weider um Dësch bleift, huet et an deem Kontext vun der EU-Aussebeoptragter Kaja Kallas geheescht.
De palästinensesche Premier Mohammed Mustafa sot iwwerdeems zu Bréissel, dass d’Konferenz zu engem Ament wier, an deem een engersäits enger enormer Tragedie géing bäiwunnen, an deem et awer anerersäits eng kleng, awer reell Chance op e gerechte laangfristege Fridde géif.
D’Vereenegt Staaten haten am Oktober zejoert e Waffestëllstand tëscht Israel an der militanter Hamas vermëttelt an de Krich an der Gazasträif virleefeg op en Enn bruecht. Am Januar huet d’Trump-Regierung dann annoncéiert, dass de Friddensplang a seng zweet Phas géing iwwergoen. Dës gesäit en Entwaffne vun der Hamas an de graduellen Ofzuch vun den israeeleschen Truppen aus der Gazasträif vir. De Plang gesäit ausserdeem vir, dass mëttelfristeg en technokratesche Kommitee vu Palästinenser d’Regierungsgeschäfter an der Gazasträif soll féieren.
De Message vun der Ënnerstëtzung fir déi palästinensesch Zivil-Autoritéite säitens der EU kënnt iwwerdeems zu engem Zäitpunkt an d’Memberstaaten dem israeelesche Krich géint de Libanon an dem Virgoen am Westjordanland ëmmer méi kritesch géigeniwwer stinn.