
Enn Mee 2026 ass fir d'éischt zanter dem Ufank vum russesche Krich géint d'Ukrain eng Dron an e Wunngebai a Rumänien, engem NATO-Member, ageschloen. Rumänien a seng Alliéiert hu Russland dofir responsabel gemaach a Moskau eng geféierlech Eskalatioun vum Konflikt virgeworf. Russland huet der Ukrain d'Schold ginn. Doropshin hunn an de soziale Medie falsch Rumeuren d'Ronn gemaach. Deen Aschlag vun enger Dron wier eng sougenannt "False Flag"-Aktioun. Mä rumänesch Autoritéiten a Fachleit si sech eens: Bei der Dron huet et sech ëm eng russesch Geran-2 gehandelt.
"Ukrainesch Dron flitt a Rumänien an en Héichhaus", steet op enger Foto op Facebook, déi zanter dem 29. Mee 2026 méi wéi 50 Mol gedeelt gouf. "Medie gi Russland d'Schold", heescht et do och nach. An de Kommentare gëtt den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj als "Terrorist" an "Nazi" diffaméiert. "Dee wëllt eis onbedéngt an e Krich zéien", huet eng Userin dozou geschriwwen.
Och op X an Tiktok gouf Enn Mee 2026 dës presuméiert Breaking News gedeelt. Userinnen a User waren der Meenung, den Aschlag vun der Dron a Rumänien wier eng "False Flag"-Aktioun – also eng Täuschungsaktioun, bei där d'Ukrain e russeschen Ugrëff inzenéiert hätt.

Nom Virfall huet déi rumänesch Ausseministesch Oana Toiu de russeschen Ambassadeur zu Bukarest an den Ausseministère bestallt. Si huet och de Generalkonsul vun der Russescher Federatioun, dee säi Sëtz zu Konstanza um Schwaarze Mier huet, dem Land verwisen. Duerno huet déi russesch Ambassade zu Bukarest Spekulatiounen ugestachelt, datt et sech "a Wierklechkeet ëm eng weider "Provokatioun vum Regime zu Kiew" géif handelen, dat "mat alle Mëttel" probéiert, d'Nato "an e Krich mat Russland eranzezéien".
Dësen Incident war zënter dem Ufank vum russeschen Ugrëffskrich am Joer 2022 den éischte Fall, bei där eng Dron an e Wunnhaus ausserhalb vun der Ukrain ageschloen hat. An der Nuecht op den 29. Mee 2026 goufen dobäi zwou Persoune verletzt an et war zu engem Brand komm. Awer, entgéint de Behaaptungen, déi online zirkuléieren, beleeën Dokumenter vun de rumäneschen Autoritéiten an och verschidden aner Experten, datt d'Dron aus Russland koum.
De rumänesche President Nicusor Dan huet de 31. Mee 2026 Biller vun den Debrise vun der Dron op Facebook publizéiert an de Modell als Geran-2 identifizéiert. Dobäi huet den Nicusor Dan Russland fir den Incident verantwortlech gemaach: "Datt esou en Apparat e Wunngebai a Rumänien getraff an dobäi Verletzter souwéi Schied verursaacht huet, ass besonnesch schwéier, an eleng responsabel ass Russland."

De rumänesche Verdeedegungsministère huet an enger Schreiwes vum 31. Mee 2026 confirméiert, datt et sech bei der Dron ëm e russesche Modell gehandelt huet. De Ministère huet dobäi erkläert, datt de Sprengsaz vun der Zort "High-Explosive (HE)" gewiescht wier. D'Dron wier mat ongeféier 30 Kilogramm (TNT-Äquivalent) schwéierer Munitioun geluede gewiescht. Dës Zuel ass eng üblech Moosseenheet fir d'Energie, déi bei enger Explosioun fräigesat gëtt. D'Munitioun hätt beim Opschlag detonéiert, esou wéi déi rumänesch Noriichtenagence Agerpres den 1. Juni 2026 gemellt huet, déi och weider detailléiert Biller verëffentlecht huet.
An der Groussstad Galati am Oste vu Rumänien, wou d'Dron ageschloen huet, huet den Dan sech de 29. Mee 2026 virun e puer Journalistinnen a Journalisten gestallt. An engem Interview (vu Minutt 3 un) huet den Dan erkläert, déi russesch Dron wier "warscheinlech vu Verdeedegungskräften iwwer der Stad Reni ugegraff ginn. Doropshi huet sech hir Fluchbunn geännert a si ass op Galati zougeflunn." Seng Ausso gouf online aus dem Kontext gerappt an Notzerinnen a Notzer hu behaapt, den Dan hätt zouginn, "dass et dach keng" russesch Dron gewiescht wier.
De Verdeedegungsminister Radu Miruta huet den 31. Mee 2026 dem rumänesche Sender "Digi24" gesot, datt d'Dron a Russland hiergestallt gouf. Hien huet dobäi ergänzt: "Esoulaang d'Dron Sprengstoff u Bord huet, ass et d'Flicht vun deene Leit, déi se ofschécken, hir Fluchbunn ze kontrolléieren."
De Markus Reisner ass Direkter vum Institut fir d'Formatioun vun Offizéier un der theresianescher Militärakademie an Éisträich an ass reegelméisseg mat Analyse vum Krich an däitschsproochege Medien ze gesinn. De 6. Juni 2026 huet hien der AFP confirméiert, d'Dron wier "eendeiteg vu russeschem Ursprong".
Hie verweist op weider Informatioune vum éisträichesche Bundesheer vum 30. Mee 2026: "No engem schwéiere Loftugrëff vun der russescher Arméi op déi ukrainesch Hafestied Reni an Izmail an der Nuecht op den 29. Mee 2026, koum et zu engem Aschlag vun enger russescher 'Geran-2'-Dron an engem Héichhaus an der rumänescher Stad Galati, eng 60 Kilometer ewech."
D'AFP huet probéiert, déi vum Dan publizéiert Biller vun der Dron ze iwwerpréiwen. Den Open-Source-Intelligence-(OSINT)-Expert Kyle Glen vum Zentrum fir Informatiounsresilienz a Groussbritannien huet de Modell géigeniwwer der AFP den 2. Juni 2026 "mat zimmlecher Sécherheet" confirméiert. Och wann een et net komplett ausschléisse kéint, géif de Glen op de Biller vum rumänesche President "kee Stéck Manipulatioun" gesinn.
De Glen huet d'Biller vun der Dron mat engem Beispill vu Wrackdeeler vun engem Geran-2-Motor op der ukrainescher Websäit "War Sanctions" verglach. Hien huet um Dan senger Foto (lénks) de Propeller, déi véier Zylinderen an de Motor als identesch mat de passenden Deeler um Vergläichsbild (riets) identifizéiert.

D'Analys vum Glen confirméiert déi hei uewen erwäänt Ausso vum rumänesche President, dass "elektronesch Komponenten, Navigatiounssystemer, Steiermoduller, Motor an Deeler" vun der Dron, déi zu Galati ofgestierzt ass, deene vun anere Geran-2-Dronen gläichen.
Op Fotoe vun AFP an anere Medie gesäit een, dass d'Dron an der ieweschter Etage vum Wunnhaus ageschloen ass. Op de gedeelte Biller, déi am Ëmlaf sinn, ass d'Lach vum Impakt awer an der Mëtt vum Gebai ze gesinn. Dëst deit drop hin, dass d'Bild mat Kënschtlecher Intelligenz (KI) manipuléiert gouf.

D'AFP huet d'Bild mat der Verifizéierungssoftware vun OpenAI, déi erkenne kann, ob Inhalter mat dem KI-Modell vun der Entreprise erstallt gouf, analyséiert. Dobäi koum eraus, datt d'Bild mam Héichhaus, dat op der Säit brennt, mat enger KI vun OpenAI erstallt gouf.
Den Tool konnt keen C2PA-Element am Bild, dat normalerweis zousätzlech Informatiounen iwwer d'Hierkonft oder d'Entwécklung vun enger Datei bitt, feststellen. C2PA si Metadaten, déi op soziale Plattforme systematesch ewechgeholl ginn. Dofir benotzt OpenAI antëscht dat zouverlässegt SynthID-Waasserzeechen, dat an dësem Fall och fonnt gouf.
Am Kontext vum russesche Krich géint d'Ukrain koum et ëmmer nees zu Violatioune vum Loftraum duerch Dronen aus Russland oder der Ukrain. Dem éisträichesche Bundesheer no kann esou eppes "wéinst technesche Feeler, Navigatiounsprobleemer oder gezillte Stéierungen" geschéien. Bis elo ware verschidde Länner betraff, dorënner Polen – doriwwer huet AFP och e Faktencheck gemaach –, d'baltesch Staaten, d'Republik Moldau an erëm Rumänien den 8. Juni 2026, wéi eng ukrainesch Dron op e Schwaarzmierhafen gefall ass. D'AFP huet verschidde falsch Aussoen am Zesummenhang mam Ukrainkrich iwwerpréift.
Fazit: Online gouf behaapt, datt d'Dron, déi Enn Mee 2026 an e rumänescht Héichhaus geflunn ass, vun der Ukrain gewiescht wier. Dozou ass e kënschtlecht generéiert Bild zirkuléiert. Ma d'Dron war eng russesch Geran-2, wéi déi rumänesch Autoritéite matgedeelt hunn an onofhängeg Experten der AFP confirméiert hunn.