
D’Kim Ju Ae, d’Duechter vum nordkoreanesche Leader Kim Jong Un, huet eng weider Kéier d’Opmierksamkeet nees op sech gezunn. Bei engem ëffentlechen Optrëtt zesumme mat hirem Papp an ranghéijen Offizéier vun der Arméi gouf si beim Schéissen um Schéissstand fotograféiert a gefilmt.
De geneeën Alter vun der Kim Ju Ae ass offiziell net bekannt, mä si gëtt vun Experten als déi nächst an der Successioun vun der Famill ugesinn. Hir rezent Optrëtter nieft hirem Papp, dorënner op militäresche Paraden, hu si an de Fokus vun de Medien bruecht.
Dësen Donneschdeg huet d’Korean Central News Agency (KCNA) dann eng Foto publizéiert, déi d’Kim Ju Ae beim Schéissen mat enger Pistoul weist, mat engem zouenen A an enger Flam, déi aus dem Laf vum Pistoul kënnt. D’Zeen gouf an enger grousser Waffefabrick opgeholl, wou si zesumme mat hirem Papp un engem Evenement deelgeholl huet.

An dëser Fabrick gi Pistoule wéi weider kleng a portabel Waffe produzéiert. Si, wéi och hire Papp, weise sech a passende Liederjacketten, déi an Nordkorea als Muechtsymbol ugesi ginn. Wärend deem béid d’Fabrick inspizéieren, kréie si Detailer vu Mataarbechter a Beamten erkläert.
Géintiwwer der AFP sot de Lim Eul-chul, den Expert fir Nordkorea vun der Kyungnam Universitéit a Südkorea géintiwwer der AFP, datt de Regimm am Nopeschland grad probéiert, d’Kim Ju Ae als staark an impressionnant Fra duerzestellen. D’Zeen, an där si d’Waff test an ofdréckt, soll da weisen, datt och si d’Wichtegkeet vun enger staarke militäresche Leader gesäit.

D’Kim-Famill ass zanter Joerzéngten un der Muecht an Nordkorea. Hir Muecht ass mat engem staarke Persounekult verbonnen, deen d’Liewe vu der Populatioun am gréisstendeels isoléierte Land dominéiert.
En éischten Optrëtt vun der Kim Ju Ae gouf et am Joer 2022. Si hat hei hire Papp begleet, wéi dëse sech en Test vun enger Interkontinentalrakéit ugekuckt huet. Virdru war iwwer si wéineg gewosst. Eenzeg den NBA-Star Dennis Rodman, deen 2013 Nordkorea besicht hat, hat si no senger Visitt beim Kim Jong Un erwäänt.