
All Joers am Mäerz gëtt Cannes a Frankräich zum Treffpunkt vun der internationaler Immobiliewelt. Op der MIPIM, dem Marché International des Professionnels de l’Immobilier, enger vun de gréissten Immobiliefoiren op der Welt, treffe sech Investisseuren, Architekten, Politiker a Promoteuren aus der ganzer Welt. Och dëst Joer ginn erëm méi wéi 20.000 Participanten aus ronn 90 Länner erwaart.
Lëtzebuerg sicht nei Investisseuren fir de Logement
Iwwer fënnef Deeg gëtt iwwer déi grouss Froe vun der urbaner Zukunft am Immobiliesecteur diskutéiert. Dacks ginn hei grouss Bauprojete presentéiert an Investisseure fir nei Bauprojete gesicht. Och Lëtzebuerg ass dëst Joer nees op der Immobiliefoire vertrueden. No e puer schwéiere Joren an der Immobiliebranche gëtt probéiert, neit Vertraue bei internationalen Investisseuren ze gewannen. Fir d’Delegatioun aus dem Grand-Duché geet et dobäi virun allem drëms, sou den Ausseminister Xavier Bettel, de lëtzebuergesche Marché erëm no baussen attraktiv ze maachen.
„Dir wësst, wa mir AGORA wëlle bauen, wa mir grouss Projeten wëlle maachen, brauch een och Suen, a wann een déi Suen och ka vu bausse kréien andeems Leit zu Lëtzebuerg investéieren, ass et am Interêt fir dass mir nei Wunnenge kënne bauen, Aarbechtsplazen kënne preservéieren, an am Fong och déi Leit Steiere bezuelen. Dat heescht, et ass eng win-win-win-win-Situatioun.“
Gläichzäiteg steet eng grouss Erausfuerderung am Mëttelpunkt vun de Gespréicher: d’Logementskris. Experten an international Organisatioune schwätzen esouguer vun enger globaler Kris. Schätzunge vun der UNO no liewen haut ronn dräi Milliarde Mënschen an inadequate Wunnsituatiounen. An Europa sinn d‘Immobiliepräisser zanter 2015 ëm ronn 60 Prozent geklommen.
Dobäi kommen nach déi international Tensiounen an der Weltpolitik – vu Kricher bis Handelskonflikter – déi d’Energiepräisser an d’Luucht gedriwwen hunn an domat och Repercussiounen op d’Käschte fir Bauprojeten am Immobiliesecteur hunn, wéi de Marc Widong, Direkter vum Fonds Kirchberg, erkläert.
„Méiglech Repercussiounen op Lëtzebuerg, déi mir och scho wärend Corona haten. Et ka sinn, dass d‘Zënsen erop ginn, an dass d‘Baupräisser duerch d‘Energie och erop ginn. Dat heescht, de Bauindex geet erop, respektiv d‘Zënse ginn erop. Wat mécht een dann? Bon, bäi den Zënse kann een net vill maachen, mee beim Bauindex. Dee kënne mir fir d‘Leit, déi bei eis kafen, fir ze verhënneren, dass Leit um Wee verkafen, plafonéiere mir eis Präisser.“
Dëse Problem betrëfft besonnesch grouss Stied, wou d’Demande no Wunnraum staark klëmmt. Fir vill Leit ginn d’Loyeren oder d’Kafpräisser ëmmer méi schwéier bezuelbar. Dofir ginn op der MIPIM net nëmmen nei Bauprojete presentéiert, mee och Léisunge fir méi bezuelbare Wunnraum diskutéiert. De Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Handelskummer:
„Wann een elo just de Residentiell kuckt zu Lëtzebuerg. 6.000 bis 7.000 Unitéite misst de Marché bréngen. Mir hunn ëmmer nëmmen 3.000 bis 4.000 bruecht, sou dass ee schonn eng grouss Diskrepanz huet tëscht Offer an Demande. An den Ament hu mir sou 900. Dat heescht mir si wierklech nach ëmmer op engem ganz schwaachen Niveau, a mir musse wierklech hoffen, dass mir fir de Residentiell op alle Fall, déi Relance do kréien, notamment, hoffe mir, mat steierleche Mesuren, fir ee steierlechen Incentive ze ginn, fir dass Investisseurs privés erëm op de Marché kënnt.“
Op der MIPIM gouf och vill iwwer d’Zukunft vum Bau- an Immobiliesecteur diskutéiert. Eng kloer Tendenz geet a Richtung méi nohalteg an energieeffizient Gebaier, eng méi staark Digitaliséierung vum Secteur, Co-Living, urban Living a weider modern Infrastrukturprojeten. Nieft der Wunnengspolitik spillt och d’Nohaltegkeet eng ëmmer méi grouss Roll. Verschidde Länner, dorënner Japan, setzen op eng gréng Transformatioun vun hire Stied. Modern Gebaier sollen an Zukunft méi energieeffizient ginn an den CO₂-Ausstouss reduzéieren.