Krich géint den IranUSA hunn a sechs Deeg iwwer eelef Milliarden Dollar ausginn

AFP, iwwersat vun RTL
Déi Zuele goufe an engem Meeting vum Pentagon mat Vertrieder vum US-Kongress genannt.
Damp no engem Aschlag vun enger Rakéit oder Dron zu Teheran.
Damp no engem Aschlag vun enger Rakéit oder Dron zu Teheran.
© ATTA KENARE/AFP

An der éischter Woch vum Krich géint den Iran hunn d’USA iwwer 11,3 Milliarden US-Dollar ausginn. Déi Zuel gouf bei engem Briefing vum Pentagon fir d’Membere vum Kongress genannt, esou d’New York Times.

Der Zeitung no, déi sech op anonymme Source berifft, déi en Dënschdeg beim Briefing dobäi waren, sinn an dësen Zuelen net mat abegraff, wat ee fir d’Preparatioun vun den Attacken alles ausginn huet. New York Times geet dovunner aus, datt de reelle Montant also däitlech méi héich géif leien.

Déi Responsabel am Pentagon hate jo schonn eng Kéier virum Kongress ausgesot, datt een an den éischten zwee Deeg vum Konflikt ronn 5,6 Milliarden Dollar fir d’Munitioun ausginn hat. Déi amerikanesch Press hat dëse Montant däitlech méi déif ageschat.

USA hunn en enger Woch iwwer 11 Milliarden Dollar am Krich am Iran ausginn
Déi éischt sechs Deeg vum Krich hu sech d’USA eng horrend Zomm u Sue kaschte gelooss.

Back to Top
CIM LOGO