
Den FBI huet Medieberichter no scho virun enger Zäit Ermëttlunge géint de fréieren Anti-Terror-Chef Joe Kent, deen en Dënschdeg aus Protest géint de Krich am Iran zeréckgetruedenen ass, an d’Weeër geluecht. Souwuel d’New York Times wéi och de Sender CBS sollen dëst vu Sourcen aus interne Kreeser bestätegt kritt hunn, an och d’Noriichteplattform Semafor schreift, d’Ermëttlunge géife “schonn zanter Méint” lafen.
Den FBI huet sech op Nofro net dozou geäussert.
Um Dënschdeg hat de Chef vun der US-Terrorofwier säi Récktrëtt annoncéiert. “Ech kann net mat guddem Gewëssen den unhalende Krich géint den Iran ënnerstëtzen. Den Iran huet keng imminent Gefor géint eist Land duergestallt an et ass kloer, datt mir dëse Krich op Drock vun Israel a senger mächteger amerikanescher Lobby ugefaangen hunn”, sou den Joe Kent an engem Post op X.
Den Joe Kent huet den US-President Donald Trump och opgefuerdert, nei Weeër anzeschloen an d’USA net weider an “Néiergang a Chaos” ze stierzen. “Dir hutt d’Kaarten am Grapp”, sou den Opruff.
Den US-President huet d’Decisioun vum Récktrëtt begréisst a gemengt, den Joe Kent wier a Saache Sécherheet “ganz schwaach” gewiescht. Den Joe Kent war vum Donald Trump selwer nominéiert ginn an zanter Juli 2025 Chef vum Nationalen Zenter fir Terrorofwier.
Eng Analys vum US-Geheimdéngscht stellt d’Begrënnung vum US-President fir de Krich géint den Iran weider a Fro. Nëmmen een Dag nom Récktrëtt vum Joe Kent huet d’Geheimdéngscht-Cheffin Tulsi Gabbard e Mëttwoch erkläert, den Iran hätt seng Nuklear-Anlagen zanter den US-israeelesche Loftugrëffer am Juni 2025 net nei opgebaut.
Den Donald Trump huet de Krich ënner anerem domat begrënnt, Teheran géif kuerz virum Bau vun Atomwaffe stoen a kéint domat “geschwënn” souguer d’USA ugräifen. Duerch den Ugrëff vum leschte Joer wier dem Iran säin Uran-Programm awer “vernicht” ginn, sou d’Tulsi Gabbard an hirer schrëftlecher Ausso virum Geheimdéngscht-Ausschoss vum Senat.
“Zanterhier gouf et keng Efforten, fir d’Kapazitéite vum Uräicheren erëm opzebauen”, sou d’Schreiwes, am deem sech d’Tulsi Gabbard op Erkenntnisser vun de Geheimdéngschter bezitt.
No de Loftugrëffer op dräi iranesch Nuklear-Anlagen am Juni hat den Donald Trump selwer dacks widderholl, dës wiere komplett zerstéiert ginn. Kuerz virum Ufank vum Krich hunn d’USA dunn awer nees mam Iran iwwer den Atom-Programm verhandelt.