MedieberichterFeeler vum US-Militär soll zu Ugrëff op d'Schoul am Iran gefouert hunn

AFP, iwwersat vun RTL
Informatioune vun der "New York Times" no huet ee Feeler vum US-Militär zu engem Rakéitenugrëff op eng iranesch Schoul gefouert, an deem iraneschen Autoritéiten no iwwer 175 Mënschen ëmkoumen.
Nach Informationen der "New York Times" hat ein Fehler der US-Streitkräfte zu einem Raketenangriff auf eine iranische Schule mit womöglich mehr als 150 Toten geführt. Das habe eine US-Militäruntersuchung vorläufig ergeben.
Informatioune vun der “New York Times” no war ee Feeler beim US-Militär Schold um bluddegen Ugrëff op eng Schoul am Iran.
© ISNA/AFP/Archiv

Dat wier dat virleefegt Resultat vun enger US-Militärenquête, esou d’Zeitung e Mëttwoch. Deemno wiere bei dem Ugrëff vereelzt Donnéeë vum US-Militärgeheimdéngscht DIA iwwer d’Zil genotzt ginn. D’Enquête géif weidergoen, esou Verantwortlecher der Zeitung géigeniwwer.

US-Medieberichter no gouf d’Primärschoul zu Minab am Süde vum Iran getraff, wärend an der Géigend eng Tomahawk-Rakéit op eng Basis vun der Marinn vun den iranesche Revolutiounsgarden erofgaangen ass. Der “New York Times” no sinn d’USA dat eenzegt Land, wat um Iran-Krich bedeelegt ass, dat Tomahawk-Rakéiten asetzt. Dem neie Bericht no wier d’Schoul fréier een Deel vun enger iranescher Militärbasis gewiescht.

Den Ugrëff war den 28. Februar, um éischten Dag vum US-israeelesche Krich géint den Iran. Den US-President Trump hat no der Attack fir d’éischt mam Fanger op den Iran gewisen. Méi spéit huet hien dunn op d’Enquête verwisen a sot: “Wat och ëmmer beim Rapport erauskënnt, ech si bereet, mam Rapport ze liewen.” Iraneschen Autoritéiten no koume bei der Loftattack op d’Schoul iwwer 175 Mënschen ëm d’Liewen, de Gros dovunner Kanner.

Vertrieder vun der US-Oppositioun hate vum Pentagon eng “komplett an onparteiesch” Enquête gefuerdert. Falls d’USA fir den Ugrëff verantwortlech wieren, wier dat ee vun de “graavste Fäll mat zivillen Affer” bannent Joerzéngte vun US-Militärasätz am Noen Osten, esou d’Kongressdeputéiert vun den Demokraten.

Back to Top
CIM LOGO