Famill confirméiertFranséische Soziolog Edgar Morin am Alter vun 104 Joer gestuerwen

RTL mat AFP
De franséische Soziolog a Philosoph Edgar Morin, eng wichteg Stëmm am intellektuelle Liewen a Frankräich, ass am Alter vun 104 Joer gestuerwen.
Den Edgar Morin bei sengem 100. Gebuertsdag am Juli 2021.
Den Edgar Morin bei sengem 100. Gebuertsdag am Juli 2021.
© YOAN VALAT/AFP

De bekannte franséische Soziolog a Philosoph Edgar Morin ass am Alter vun 104 Joer gestuerwen. De Morin, deen zu de grousse Käpp vun der franséischer Intellektuelle-Landschaft gezielt huet, ass e Freideg gestuerwen, sou seng Fra vis-à-vis der AFP e Samschdeg.

Als lénksorientéierte Soziolog a Philosoph war de Morin wäit iwwer Frankräich eraus bekannt. Säi Wierk steet bewosst an enger kritescher Distanz zur klassescher Soziologie an huet sech ëmmer als eng Reflexioun iwwer de Mënsch op Basis vu wëssenschaftlechen Erkenntnisser verstanen.

Seng Fra, d'Sabah Abouessalam Morin, huet an engem Communiqué betount: "Bis zu senge leschten Deeg war den Edgar Morin opmierksam op d'Weltgeschéien, déi aner an déi grouss Froe vun der Mënschheet."

Trotz héijem Alter war de Morin bis zum Schluss eng respektéiert Stëmm am intellektuellem Debat a Frankräich. Seng Iwwerleeunge ronderëm d'Verännere vun der Gesellschaft, virun allem am Kontext vun der ëmmer méi séierer Globaliséierung, waren ëmmer nach aktuell a bedeitend fir eis Zäit.

Mat engem Éierendoktertitel vun 38 internationalen Universitéiten a ronn véierzeg Bicher, déi a vill Sproochen iwwersat goufen, huet de Morin vill Spueren hannerlooss.

Back to Top
CIM LOGO