
Nodeem um Mëttwoch de Moie Schweden a Finnland offiziell ugefrot hunn, fir Member vun der NATO ze ginn, huet d’Tierkei direkt am Ufank vun der Sëtzung vum NATO-Rot dës Ufro blockéiert, esou datt de Rot keng séier Decisioun iwwert d’Memberschaft vu béide Länner konnt treffen. Dat ass aus Kreesser vun der NATO ze héieren.
“Dëst ass en historesche Moment zu engem kriteschen Zäitpunkt fir eis Sécherheet”, sou de Stoltenberg, deen d’Bäitrëttsdemandë vun den Ambassadë vu Finnland a Schweden am Haaptquartéier vun der Militärallianz zu Bréissel entgéintgeholl huet. Déi Alliéiert wäerten elo déi nächst Schrëtt diskutéieren.
En Dënschdeg hat dat finnescht Parlament mat grousser Majoritéit fir en NATO-Bäitrëtt gestëmmt. Kuerz virdrun hat déi schwedesch Ausseministerin Ann Linde d’Demande, fir an d’NATO opgeholl ze ginn, ënnerschriwwen.
Souwuel fir Schweden wéi och Finnland ass d’NATO-Bäitrëttskandidatur no joerzéngtelaanger Neutralitéit eng Zäsur. D’NATO hat béide Länner eng séier Opnam an Aussicht gestallt, just d’Tierkei hat mat engem Veto gedreet.
Fir e Bäitrëtt ass en eestëmmege Vott vun der NATO, souwéi d’Ratifizéierung vun der Allianz-Erweiderung duerch d’Parlament vun den 30 aktuelle Memberstaaten néideg.
D’Decisioun, fir elo Member an der Militärallianz ze ginn, wier geholl ginn, well béid Länner sech duerch den Ukrain-Krich Suergen ëm hir Sécherheet maachen. Besonnesch Finnland ass een direkten Noper vu Russland. Sollten d’Bäitrëttsgespréicher positiv verlafen, kéinten Helsinki a Stockholm bannent e puer Méint Member sinn. Bis ewell huet jo just d’Tierkei mat engem Veto gedreet. Den tierkeschen President Erdogan huet dat domat begrënnt, dass Schweden a Finnland souwuel déi verbuede kurdesch Aarbechterpartei PKK, wéi och d’Kurdenmiliz a Syrien géingen unerkennen. Russland hat an de leschte Woche mat Menacë fir säi finneschen Noper am Hibléck op d’Bäitrëttspläng reagéiert. De Kreml-Chef hat e Méindeg nach gesot, d’NATO-Norderweiderung wier zwar “keng direkt Menace” fir Russland. Säi Land wäert op d’Erweiderung vun der militärescher Infrastruktur vun der NATO a béide Länner “ouni Zweiwel” reagéieren.
Déclaration du Luxembourg au sujet de la demande d’adhésion de la Finlande et de la Suède à l’OTAN | |
| |
| |
Le Luxembourg accueille favorablement la décision de la Finlande et de la Suède de demander une adhésion à l’OTAN. La Finlande et la Suède jouent un rôle important pour la sécurité dans notre région, notamment dans la mer Baltique et dans le nord de l’Europe. Leur adhésion renforcera la sécurité et la stabilité de la zone euro-atlantique. Nous travaillons ensemble avec ces deux pays depuis des décennies, au sein de l’Union européenne mais aussi dans le cadre de leurs partenariats étroits avec l’OTAN. La Finlande et la Suède partagent nos valeurs et notre ambition d’un ordre international fondé sur le droit. Le Luxembourg soutient donc pleinement ces deux candidatures et se tient prêt à soutenir la Finlande et la Suède dans leurs processus d’adhésion. La Finlande et la Suède exercent leur droit souverain en décidant de demander l’adhésion à l’OTAN et cette décision fait suite à un processus démocratique basé sur une analyse approfondie de l’environnement de sécurité. Le Luxembourg soutient la volonté de ces pays de renforcer leur sécurité et réaffirme sa solidarité et son engagement aux termes de l’article 42.7 du Traité de l’Union européenne. Le Luxembourg va œuvrer en faveur d’un processus d’adhésion rapide et se réjouit de pouvoir compter sur la Finlande et la Suède en tant qu’Alliés au sein du Conseil de l’Atlantique Nord dans un avenir proche, pour défendre ensemble nos valeurs, nos libertés, et la sécurité de l’espace euro-atlantique. |