Op eemol waren all Aktivitéite gereegelt, souguer a virgeschriwwen Norme gesat ginn, déi soss zu den individuelle Fräiheeten aus dem Alldag gezielt hunn. Fir Verhalenswëssenschaftler ass d’Pandemie eng interessant Zäit.
Et ass kuriéiser Weis normal an enger Gesellschaft, dass d’Normen net vu jidderengem agehale ginn. Et läit an der Natur vum Mënsch. Dee Phenomen huet sech mat der Pandemie awer nach verschäerft. Kulturell, demographesch a psychologesch Ëmstänn hunn aus de Verweigerer vun de Mesuren awer egoistesch a geféierlech Matbierger gemaach. Deen a Krise wichtege Kollektivismus ass mat Individualiste konfrontéiert.
“A verschidde Länner, speziell den USA, Groussbritannien a Kanada, gëtt et eng Tendenz zum Individualismus. Et deelt ee sech méi mat. Op deene Plazen hällt ee sech manner u Virschrëften a Regele ginn éischter gebrach. An anere Länner awer, speziell an Ostasien, dat ass e gutt Beispill, do sinn d’Leit kollektivistesch. Si maachen dat wat all Mënsch mécht, fir dozou ze gehéieren a well et am Beschten ass fir jiddereen.”, esou de Professer Jay van Bavel, e Psycholog vun der New York University.
An individualistesche Kulturen, wou Reegelen éischter verworf ginn, bleiwen de Gesondheetsautoritéiten, fir d’Verhalensreegelen ze änneren, just zwou Méiglechkeeten: Angscht maachen oder den Appell un déi kollektiv Intelligenz – a béide Fäll gëtt d’Zil leider dacks verfeelt.
“E politesche Facteur, dee spillt, speziell an den USA an a polariséierte Länner, ass d’Parteilechkeet. Wann een de Politiker vun der anerer Partei net traut, lauschtert een och net op si. Genee dat geschitt den Ament an den USA.”
“Vu wou huelt dir d’Autoritéit, fir déi mënschlech Ootmung ze regelen? Ech froen iech dat, well et ass wichteg. Dir spillt all Dokter, mee dir sitt et net. Gott huet eis all Otemzuch ginn, dee mir maachen. Wouhir huelt dir d’Autoritéit, fir mäi Sauerstoff ze reduzéieren? Firwat gräift dir a mäi Liewen an?”, esou zwou Meenungen.
Firwat ass de “social distancing” esou komplizéiert? Well Mënsche sozial Déiere sinn, seet de Psycholog.
“Eis Kierper a Gehirer sinn op Interaktioun ausgeriicht an d’Pandemie geet géint deen Instinkt. An dat ass eng vun den Ursaachen, firwat ëmmer erëm Leit op esou Superspreader-Evenementer optauchen: Protester, reliéisen Zeremonien, Hochzäiten oder Bistroen. Well d’Leit doe sech schwéier, där Tendenz zu der sozialer Connectioun ze resistéieren.”
Den iwwerspëtzten Individualismus vum europäeschen a virun allem dem amerikanesche Kontinent haten dem Coronavirus wäitaus manner entgéintzesetze wéi de Kollektivismus, deen an Asien Usus ass. Dat ass een Ufank vu Bilan, deen ee scho kann zéien, obwuel d’Pandemie nach am Gaang ass.