
“Europa huet aner Krisen iwwerstanen”. Dat huet de Premier Luc Frieden no engem – eegenen Aussoen – schwieregen an ustrengenden – EU-Sommet deklaréiert. Och no der Hausse vum Diesel iwwer zwee Euro de Liter wier et awer nach ze fréi fir ze soen, ob Mesuren missten ënnerholl ginn. Lëtzebuerg wier op jidder Fall fir all Situatioune prett. Dat wier d’Flicht vun der Regierung, esou de Luc Frieden.
D’Wuert Kris ass gefall. Geopolitesch Kris. Ekonomesch gesinn net oder nach net. De Message vun der Regierung bleift lo Mol “keng Panik” an “et ass nach ze fréi”. An de Premier huet och drop higewisen, datt d’Regierung scho fir 150 Milliounen Euro d’Joer sech un d’Netzkäschte bedeelegt an d’Accisen um Sprit zu Lëtzebuerg méi niddreg sinn, ewéi an anere Länner. Dowéinst hätt een manner Handlungsspillraum, mee de Premier huet ewéi virum Sommet nach emol verséchert, datt wann d’Kris dauert, sozial geziilt Mesurë kéimen.
Op EU-Niveau hätten d’Memberstaate gréng Luucht kritt fir punktuell an zäitbegrenzt flexibel ze sinn, wann se hir Industrie wëllen ënnerstëtzen. D’EU-Kommissioun géing iwwerdeems fir den informelle Sommet op Zypern am Abrëll u weideren Mesure schaffen fir d’Krise ofzefiederen oder Reegelen opzelackeren.
Fir aus de Kris geléiert ze hunn a fir am Beschten präparéiert ze sinn, misst weider op erneierbar Energie an op Defense gesat ginn. Fir de Luc Frieden awer onbedéngt och op d’Kompetitivitéit, déi hie mat Wuelstand gläichgestallt huet. De Premier, Member vun der konservativer Partei an Europa, huet déi aner Parteien aus der Mëtt opgeruff déi nei sougenannt Omnibus Gesetzer séier matzestëmmen.
Och a puncto eventuell Flüchtlingswelle wëllen d’EU-Staats- a Regierungscheffe bäigeléiert hunn an hunn op Demande vun der sozialdemokratescher dänescher Premierministesch dat an d’Conclusioune geschriwwen.
D’Ukrain wäert och de Kredit vu 90 Milliarden Euro iwwer zwee Joer kréien, och wann Ungarn weider blockéiert huet, esou de Premier. D’Pipeline, aus där den Orban gär säi russeschen Ueleg gär hätt, wier an e puer Woche gefléckt an de Blockage behuewen. Dat géing sech och vläicht mam Datum vun de Walen an Ungarn, den 12. Abrëll, iwwerschneiden.