Deepfake-Pornoen a Fake-Profiller erstalltSchauspillerin Collien Fernandes reprochéiert Ex-Mann Christian Ulmen "virtuell Vergewaltegung"

RTL Lëtzebuerg
Et sinn uerg Reprochen, déi géint den däitsche Schauspiller an Animateur Christian Ulmen am Raum stinn.
De Christian Ulmen an d’Collien Fernandes waren zanter 2011 bestued, am September 2025 hu si sech scheede gelooss. Si hunn eng Duechter, déi am Abrëll 2012 op d’Welt koum.
© CARSTEN KOALL/dpa Picture-Alliance via AFP

De “Spiegel” hat iwwer d’Virwërf bericht, déi fréier Viva-Moderatrice a Schauspillerin hat spéider an engem Instagram-Post op den Artikel reagéiert. Deemno soll de Christian Ulmen iwwert méi wéi ee Joerzéngt Fake-Profiler am Collien Fernandes hirem Numm erstallt a Persounen an hirem berufflechem Ëmfeld kontaktéiert hunn, fir ufanks nach ze flirten a spéider Nacktfotoen a Sexvideoen vun hir ze verschécken. Dëst pornografescht Material war allerdéngs gefälscht an deelweis duerch Kënschtlech Intelligenz erstallt. Och soll den Ulmen mat enger KI-generéierter Stëmm vu senger Ex-Fra Telefonsex mat anere Männer gehat hunn.

Datt dëst Material an Ëmlaf wier, wosst d’Collien Fernandes eegenen Aussoen no schonn zanter Joren, ma réischt am Dezember 2024 hätt den Ulmen hir gebeicht, datt hien do hannendru stieche géif. Hien hätt aus “enger Aart Besëtzdenken” gehandelt. D’Actrice huet doropshi beim Bezierksgeriicht zu Palma op Mallorca, wou si zanter Jore mam Christian Ulmen an hirer gemeinsamer Duechter wunnt, Plainte deposéiert.

An engem Interview mam Spiegel reprochéiert si hirem 50 Joer alen Ex-Mann, si “virtuell vergewaltegt” ze hunn, hien hätt hir “iwwer Joren” hire “Kierper geklaut”. Donieft soll de Christian Ulmen seng 44 Joer al Ex-Fra wärend hirem Mariage och e puermol intimidéiert a kierperlech ugegraff hunn. Dem Spiegel no soll hien an deem Zesummenhang am Januar 2023 och scho kuerzzäiteg verhaft gi sinn, wéinst dem Verdacht op haislech Gewalt. D’Enquête wier spéider awer nees gestoppt ginn. D’Collien Fernandes wéilt elo ëffentlech iwwer d’Affär schwätzen, well vill Fraen Änleches erliewen an an deene meeschte Fäll eleng gelooss géife ginn.

De Christian Ulmen selwer wollt sech bis ewell net ëffentlech zu de Reprochen äusseren. De Spiegel mellt, et hätt ee Gespréicher mat sengen Affekote gefouert, aus deenen een allerdéngs net zitéieren däerf.

Back to Top
CIM LOGO