Wéinst niddregem Gebuertstaux a RusslandFraen, déi kee Kannerwonsch hunn, solle bei de Psycholog geschéckt ginn

AFP, iwwersat vun RTL
Am Kampf géint den niddrege Gebuertstaux wëll déi russesch Regierung Fraen, déi keng Kanner wëllen, an Zukunft bei Psychologe schécken.
© MIKHAIL TERESHCHENKO/AFP

Mat Hëllef vu Psychologe solle Fraen a Russland, déi kee Kanner-Wonsch hunn, eng “positiv Astellung” a Bezuch zu Kanner méi nobruecht ginn. Dat geet aus neie Richtlinne vum Gesondheetsministère a Russland ervir, déi Enn Februar decidéiert goufen an an de Staatsmedien dës Woch ëffentlech gemaach goufen.

Dëse Richtlinnen no sollen Dokteren d’Frae bei Kontrolle froen, wéi vill Kanner se wéilten hunn. Gëtt eng Fra un, guer keng Kanner wëllen ze hunn, soll “recommandéiert” ginn, se fir e Gespréich bei de Psycholog ze schécken, “mam Zil, eng positiv Astellung a Bezuch zu Kanner-Kréien ze entwéckelen”.

Den Taux vun de Gebuerten a Russland läit bei ronn 1,4 Kanner pro Fra an ass domadder sou niddreg wéi zënter 200 Joer net méi. Dobäi kënnt, dass an de vergaangene Joren honnertdausende jonk Männer un d’Front an der Ukrain geschéckt goufen. Demographie-Experten no ass e Wäert vun 2,1 noutwenneg, fir d’Populatiounszuel stabel ze halen.

D’Regierung vum President Wladimir Putin huet scho verschidde Mesuren ergraff, fir déi demographesch Problemer unzegoen. Ënnert anerem goufen d’Bestëmmungen fir d’Ofdreiwung verschäerft an d’Parlament huet e Gesetz decidéiert, dass “Propaganda” fir Kannerlosegkeet verbitt. Famillje mat ville Kanner dogéint, kréie opulent Staatshëllefen.

Back to Top
CIM LOGO