
D’EU an Indien bauen hir Relatiounen aus: D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an den indesche Premier Narendra Modi hunn en Dënschdeg zu New Delhi en Handelsofkommes ënnerschriwwen, dat Taxen op sëllege Produiten erofsetzt oder ganz ofschaaft, dorënner Autoen, cheemesch Produiten, Wäin an Nuddelen.
“Mir hunn et gepackt”, sot d’von der Leyen no der Signature zu New Delhi. Den Accord, deen an Indien als “Mamm vun allen Ofkommessen” gefeiert gëtt, wier “e staarke Message, datt d’Kooperatioun déi bescht Äntwert op global Erausfuerderungen ass”. D’EU wëll en Zeeche fir de fräie Welthandel a géint Handelsgeheimnisser aus Washington a Peking setzen.
D’Ofkommes gesäit e schrëttweisen Ofbau vun den Taxe vir. Am Autosecteur sollen d’Taxen op am ganzen zéng Prozent falen, woubäi et eng iewescht Limitt fir déi niddreg Taxe fir am Ganzen 250.000 Autoe gëtt, dovun 160.000 Verbrenner an 90.000 Elektroautoen. Am Verglach: Bis ewell hunn europäesch Autosconstructeuren all Joer grad emol ronn 3.000 Autoen an Indien exportéiert. Dat wéinst den héijen Taxen. Bis ewell gi fir Autoen am Wäert vu manner wéi 40.000 Dollar (ronn 33.700 Euro) 66 Prozent fälleg, fir méi deier Autoe souguer 110 Prozent.
Indien sengersäits profitéiert an de Secteuren Textil, Lieder, Pharma a Stol. Indesch Stolproducteure kënnen engem Kommissiounsbeamten no an Zukunft Stol am Ëmfang vun 1,6 Milliounen Tonne pro Joer ouni Taxen importéieren. Domat kritt Indien eng Ausnam vun den héijen EU-Stoltaxen, déi d’lescht Joer decidéiert goufen. Déi Zuel läit allerdéngs méi niddreg wéi d’Importquanitéiten an de leschte Joren.
Och déi europäesch Landwirtschaft soll profitéieren. D’Taxen op Wäin solle vu bis ewell 150 Prozent e gudde Krack erofgoen. Dat op 20 Prozent fir méi deier an 30 Prozent fir méi bëlleg Wäiner. D’Taxen op Olivenueleg, Nuddelen a Schockela solle ganz ewechfalen. Indien wëll am Géigenzuch méi Téi, Kaffi, Drauwen an anert Uebst a Geméis an d’EU exportéieren.
Aner Agrarproduite wéi Rënd- a Schwéngefleesch souwéi Poulet, Räis an Zocker sinn net Deel vum Ofkommes. An Europa ass en Accord dowéinst manner ëmstridde wéi d’Handelsofkommes mat de südamerikanesche Mercosur-Staaten. Den europäesche Bauereverband Copa-Cogeca huet sech zefridde gewisen an huet e “pragmateschen a responsabilitéitsbewossten Usaz” fir Agrarproduite gelueft.
Indien ass mat ronn 1,4 Milliarden Awunner dat Land mat der gréisster Bevëlkerung op der Äerd an dierft Schätzungen no an dësem Joer zu véiertgréisster Vollekswirtschaft wuessen - d’EU wëll sech en Zougang zum Exportmarché sécheren. Ëmgedréint ass d’EU schonn de gréissten Handelspartner vun Indien.