Kanner ware siwen an néng Joer alTrainer an Däitschland wéinst Kannermëssbrauch an 141 Fäll verurteelt

AFP, iwwersat vun RTL
Iwwer Joren huet en Trainer an Däitschland Kanner mëssbraucht. Nodeems hien 2024 schonn an 229 Fäll verurteelt gouf, huet e Geriicht a Sachsen-Anhalt hien elo a weideren 141 Fäll schëlleg gesprach.
Das Landgericht Dessau-Roßlau hat einen ehemaligen Sporttrainer des sexuellen Missbrauchs von Kindern in 141 Fällen schuldig gesprochen. Die Kammer verurteilte den 55-Jährigen zu einer Freiheitsstrafe von 13 Jahren und ordnete eine Sicherungsverwahrung an.
D’Landgeriicht Dessau-Roßlau huet en Trainer wéinst dem sexuelle Mëssbrauch vu Kanner an 141 Fäll schëlleg gesprach.
© AFP/Archiv

D’Landgeriicht Dessau-Roßlau a Sachsen-Anhalt huet e fréieren Trainer wéinst sexuellem Mëssbrauch vu Kanner an 141 Fäll schëlleg gesprach. D’Geriicht huet de 55 Joer alen Ugekloten zu enger Prisongsstrof vun 13 Joer verurteelt mat uschléissender Détention préventive, also Sécherungsverwarung, wéi et en Dënschdeg vun engem Geriichtsspriecher heescht.

D’Geriicht huet et deemno als erwisen ugesinn, datt den Ugekloten d’Doten tëscht 1998 an 1999 respektiv tëscht 2004 an 2011 gemaach huet. Déi zwee Affer waren deemools siwe respektiv néng Joer al. Den haut 55 Joer ale Mann huet dobäi aus Siicht vum Geriicht seng besonnesch Vertrauenspositioun ausgenotzt.

Schonn 2024 war de Mann wéinst sexuellem Mëssbrauch zu néng Joer a sechs Méint Prisong verurteelt ginn. Dobäi goung et ëm de Mëssbrauch vun engem him uvertraute Meedchen an 229 Fäll tëscht 2017 an 2020. Déi deemoleg Strof gouf elo an déi nei matabezunn. No senger Prisongsstrof muss hien a Sécherungsverwarung, well vum Mann enger Expertenaschätzung no d’Gefor vu weideren erhiefleche Strofdoten ausgéing goen.

Mam Urteel ass d’Geriicht op d’Demande vum Parquet agaangen. Den Ugeklote muss ausserdeem Dommages et intérêts an Héicht vun 53.000 Euro bezuelen. D’Urteel ass awer nach net rechtskräfteg.

Back to Top
CIM LOGO