Lëtzebuerg huet ee groussen Deel vu sengem Räichtum der fréierer Stolindustrie ze verdanken. Och an der franséischer Grenzregioun, an der Lorraine, ware Stol a Kuelenofbau e wichtegen Deel vun der Industrie. Elo kéint dës Géigend a Frankräich am Beräich vun der Energie een zweeten Otem fannen: duerch grouss Waasserstoff-Reserven.
Fuerscher vum Centre national de la recherche scientifique CNRS hunn déi warscheinlech weltwäit gréissten natierlech Waasserstoff-Reserv entdeckt. D’Element gëllt als wäisst Gold vun der Zukunft. Dës Ressourcë goufen 2023 duerch Zoufall fonnt. Zwee Fuerscher vum CNRS wollten am Fong nëmmen erausfannen, wei vill Methan an der Lorraine ënnert dem Buedem läit.
D’Fuerscher hunn decidéiert, dës Entdeckung méi wäit ze droen. Mam Energieproduzent Française de l’Energie starte si de Projet “Regalor 2". Eng Buerung, déi zu Pontpierre an der Moselle 4.000 Meter an de Buedem geet. Den natierleche Waasserstoff ass net a Form vun enger Poche wéi aner Gasreserven, mee am Waasser opgeléist. D’Zil vun der Buerung ass et, eng Schätzung vun der Quantitéit ze maachen. D’Reserv gëtt op 34 Milliounen Tonne geschat. Esou eng grouss Quantitéit kéint ganz Frankräich wärend puer Joer mat Stroum versuergen.

De Waasserstoff ass de Sprit vun der Zukunft, well e bei senger Verbrennung nëmme Waasserdamp fräisetzt a keng Gasen, déi schiedlech fir d’Ëmwelt sinn. De Problem läit awer bei senger aktueller Produktioun, déi wäit ewech vu karbon-neutral ass. Et muss een en Ënnerscheed tëschent de verschiddene Waasserstoff-Zorte maachen :
De Waasserstoff gëtt scho fir Zich, Busser an Autoe genotzt a kéint eng propper Alternativ fir vill Industrië sinn, déi d’Loft aktuell staark verschmotzen. D’Element kéint also zu enger Re-Industrialiséierung vun der Lorraine bäidroen. Et ginn och Projeten, bei deenen eng Leitung bis ob Lëtzebuerg gebaut kéint ginn.