Zu Bréissel hunn déi zoustänneg Ministeren aus 24 vun de 27 Memberstaate gréng Luucht ginn, vun Hierscht 2027 un, kee russesche Gas méi an d’Unioun z’importéieren. Géingt déi Entscheedung hunn Ungarn an d’Slowakei gestëmmt, iwwerdeems sech Bulgarien enthalen huet. Well zanter dem Ufank vun der russescher Invasioun vun der Ukrain ëmmer manner Gas aus Russland an d’EU importéiert gëtt, sinn d’Importer aus den USA déi lescht 4 Joer op 27 % gewuess - de Grond firwat zu Bréissel virun der Dier Militante vu Greenpeace grouss Poppe vu Putin an Trump installéiert hunn a gewarnt hunn.
D’Lisa Göldner vu Greenpeace: “Et ass eng ganz geféierlech Iddi, d’Schlësselen zum europäeschen Energiesystem un en onzouverlässege Partner wéi den Trump ze ginn. Europa muss sech vun Tyranne lassléisen. Op erneierbar Energien iwwergoen, déi net vu geféierleche Leader kontrolléiert kënne ginn.”
Zu Hamburg um Nordséi-Sommet huet sech e Méindeg grad alles ronderëm Energie Onofhängegkeet a Sécherheet gedréit. Mat der Presenz vu Lëtzebuerg, wat op en éischte Bléck iwwerrasche kann.
De Minister fir Wirtschaft an Energie, de Lex Delles erkläert: “Et geet hei genau ëm e ganz komplette System. Dass mer d’Produktioun vun Offshore -Energie an der Nordsee hunn, net nëmmen d’Elektresch. Mee dass mer eeben och kënne kucken, wat maache mam Iwwerschoss vum Elektresch, dass mer kënnen Hydrogen do produzéieren. Do si mer amgaange mat der Belsch, mat Holland ze schaffen. Mir hunn en integréierte Marché vum Elektresche mat Däitschland. Et gesäit een also, dass Lëtzebuerg op verschiddene Punkten zesumme mat eisen Nopeschlänner schafft.”
Ënnerschriwwe gouf e Pakt, an deem sech Staate ronderëm d’Nordséi verflichten, 100 Gigawatt Offshore-Wandenergie grenziwwerschreidend ze verbannen. Bis 2030 solle weider 9,5 Milliarden a Produktiounscapacitéiten investéiert ginn. Am Géigenzuch soll d’Branche d’Produktiounskäschte bis 2040 ëm 30 % reduzéieren. “Grad no deem, wat geschitt ass an der Ukrain, wat geschitt fir de Moment mat Amerika, ass et wichteg, datt Europa staark ass. An Energie, d’Sécherheet ronderëm Energie, si weesentlech Punkte fir datt mer an Europa eng strateegesch Autonomie och an der Zukunft hunn”, sou de Premier Luc Frieden.
De Lex Delles erkläert ëm wat et do geet: “Mir ënnerstëtzen hei d’ Projeten, déi an Dänemark gemaach ginn. Mir kréien dat ugerechent, well mir wësse ganz genau, dass mer zu Lëtzebuerg éischtens mol net genuch erneierbar Energië wäerte kënne produzéieren, fir 100 % autark ze sinn. Dat ass och net d’Zil. D’Zil ass hei an enger europäescher Communautéit genuch Energie a ganz Europa kënnen ze hunn. Op där anerer Säit ass natierlech och en anere Präis, wann ech eng Wandanlag an der Nordsee bauen, produzéiert déi vill méi Energie wéi eng Wandanlag zu Lëtzebuerg. An ass och nach dobäi vill méi bëlleg.”
D’Politesch Spannunge mat Russland brénge mat sech, dat e Méindeg fir d’éischt Kéier och Vertrieder vun der NATO mat ageluede waren. Eng verstäerkt Offshore-Produktioun bréngt nei Vulnerabilitéite mat sech. Dofir e Méindeg d’Sich no Äntwerten op d’Fro: Wéi strategesch wichteg Infrastrukture an der Nordséi besser virun Ugrëff schützen?