
En Deel vun den Agente vun der US-Immigatiounsagence ICE verloosse vun en Dënschdeg un d’Stad Minneapolis am Bundesstaat Minnesota. Dat huet de Buergermeeschter Jacob Frey no engem Telefonat mam US-President Donald Trump op der Social-Media-Plattform X matgedeelt.
Den Trump hätt wärend dem Telefonat zougestëmmt, dass “déi aktuell Situatioun net esou ka virugoen”, esou de Frey.
Nodeems déi déidlech Schëss op den Infirmier Alex Pretti landeswäit fir Entsetze gesuergt hunn, ass d’Rhetorik vun der US-Regierung méi verséinlech ginn. “Keen am Wäissen Haus, de President Trump inclus, wëll gesinn, wéi Mënschen op eise Stroosse blesséiert ginn oder esouguer zu Doud kommen”, huet et e Méindegowend vun der Spriecherin vum Wäissen Haus, dem Karoline Leavitt geheescht. Gläichzäiteg huet si awer op en Neits d’Demokrate kritiséiert. Den eigentleche Grond fir d’Tragedie wier nämlech de “feindleche Widderstand” vun den Demokrate géint dem President seng Expulsiounspolitik. sou d’Leavitt e Méindegowend lokaler Zäit zu Washington D.C.
Den Donald Trump selwer schéngt aktuell virun allem u Schuedensbegrenzung interesséiert ze sinn. Nieft dem Buergermeeschter vu Minneapolis huet den amerikanesche Staatschef och scho mam Gouverneur vum Minnesota, dem Tim Walz telefonéiert. Op senger Social-Media-Plattform Truth Social huet den Trump vun engem ganz gudden Telefonsgespréich geschwat, den Tim Walz wéilt mat him zesummeschaffen. Hie wéilt e Gespréich tëscht dem Walz an dem nationale Beoptraagte fir de Grenzschutz, dem Tom Homan organiséieren, sou nach den Trump. Et géif drëms goen, alleguer déi “Kriminell” am Minnesota ze verhaften.
Nieft de landeswäite Protester, zu deenen et nom Alex Pretti sengem Doud komm ass, dierft och déi verstäerkt Kritik aus de Reie vum Trump senger republikanescher Partei e Grond fir déi méi verséinlech Téin aus dem Wäissen Haus sinn. De republikanesche Virsëtzende vum “House Oversight Comittee” James Comer hat schonn d’leschte Sonndeg ugedeit, dass d’ICE-Beamte Minneapolis sollte verloossen. Och de Gouverneur vum Texas, den Trump-Unhänger Greg Abbott, huet eng “Upassung” beim Virgoe vun den nationalen Agence gefuerdert.
Fir vill Diskussiounen huet ausserdeem de Récktrëtt vun engem vun de republikanesche Kandidate bei de Gouverneurswalen am Minnesota gesuergt. Wéi de Chris Medal sot, géif hie sech aus Protest aus de Walen zeréckzéien. Hie kéint dat vu senger eegener Partei lancéiert Virgoe géint d’Bierger vum Minnesota net ënnerstëtzen, sot de Republikaner an enger Usprooch, déi hien online diffuséiert huet.
An engem weidere Post op Truth Social schreift den Donald Trump iwwerdeems, dass den Tom Homan soll an de Minnesota reesen. Wéi eng Aufgab hien do soll iwwerhuelen, ass allerdéngs net kloer. Den Homan wier bis ewell net am Bundesstaat aktiv gewiescht, géif do awer vill Leit kennen, hie wier “haart awer fair” a soll direkt vun den den Donald Trump rapportéieren, esou dësen a sengem Post.
Onkloerheet gëtt et dogéint wat e méiglechen Ofzuch vum Chef vun der US-Grenzpatrull Greg Boviono ugeet. Eng Partie US-Medie mellen, dass hien aus der Stad soll ofgezu ginn. De Ministère fir den Heemechtsschutz streit dat allerdéngs of. Wéi d’Vizeministesch fir den Heemechtsschutz Tricia McLaughlin op X schreift, wier de Bovino “net vu senge Flichten entbonnen”.